Infoziedel Nationalfeierdag 2019

 

Fir Iech alleguer :    Nationalfeierdag:

E Sonnden den 23. Juni ass Nationalfeierdag. D’Gemeng an d’Veräiner vu Péiteng hunn e grousse Programm fir dëst ze feieren. Wéi all Joer huele mir och un de Feierlechkeeten deel.

 

Mir treffen eis Sonndes den 23. Juni an Uniform+Foulard (wien eng huet) um 9:15H zu Péiteng op der Bushaltestell „bei der Gemeng“ (rue de l‘église), do huele mer d’Navette fir op Lamadelaine. Um 10:15H ginn mir am Cortège vum Centre de Loisirs an d’Kierch fir den Te Deum. Den offiziellen Deel ass géint 11:15 H eriwwer. Entweder ginn d’Kanner da vun hiren Eltere virum Centre de Loisirs ofgeholl oder si fuere mat hirem Chef erëm mat der Navette géint 12:30H zréck op Péiteng. Nomëttes organiséiere mir da vu 14H-18HSpiller am Péitenger Park. All eis jonk Membere sinn natierlech invitéiert fir bis laanscht ze kommen a matzespillen. De ganze Programm vun der Gemeng fannt dir op: www.petange.lu

Fir all d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Guildememberen, Matarbechter, a Chef:  

Déi Leit, déi wëlle bei de Spiller hëllefe sollen sech beim Claire um 621 68 39 99 mellen. Mir treffen eis den 23 Juni um 8:30H zu Rodange bei der Garage fir d’Material anzelueden. P.S All Hëllef gëtt gebraucht…

Fir d’Biber :

De Samschden 22/06 hunn mir keng Versammlung, wëll den Daach drop Nationalfeierdag ass. Kommt mat ären Elteren an de Park zu Péiteng kucken a spillt mat.

Den 29/06 gi mir op de Bibertreff zu Klierf. RDV um 7h20 op der Péitenger Gare, den Zuch fiert um 7h45! Well mir den Zuch fir dohin a fir zeréck huelen, dauert Rees e bëssi méi laang an dofir si mir eréischt géint 18h15 erëm nees doheem. Mathuelen: Bidon mat Waasser, Picknick fir den Daach, Kleeder dem Wieder ugepasst, fest Schong, Kway, Eppes fir op de Kapp (Kaap, Sonnenhutt) a Sonnecrème fir wann et waarm gëtt, Foulard an Uniform (wien eng huet) Wichteg! Fir déi wou et nach net gemaach hunn: Mëllt Iech w.e.g beim Anna (621754360) bis den 20/06 un.

Mëllt Iech w.e.g och bis den 22/06 beim Anna (621754360) fir de Camp un. Den ass vum 15/07-18/07 zu Dikrech. Infoe kommen no.

Fir d’Wëllef :

De Samschden 22/06 hunn mir keng Versammlung, wëll den Daach drop Nationalfeierdag ass. Kommt mat ären Elteren an de Park zu Péiteng kucken a spillt mat. De Samschden drop , den 29.06 ass Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg. Dëst Scoutsjoer ass scho bal eriwwer an et geet gläich op de Summercamp. #Ahoi.  De Camping ass dëst Joer zu Ahn bei der schéiner Musel vum 15.07 bis den 21.07. Dir kennt Iech elo scho beim Alex  (691 177 773) umellen.

Fir d’Avex :

De Samschden 22/06 hunn mir keng Versammlung, wëll den Daach drop Nationalfeierdag ass.

Samschdes, den 29.06 ass eisen Ofschloss vun der Minetts-Expeditioun, dowéinst gi mer op Rëmeleng an de Musée des Mines. Départ ass um 13:45 zu Péiteng op der Gare an Uniform a Foulard. Retour ass géint 18:00 zu Péiteng op der Gare. Mat ze huelen ass: e Bidon Waasser, eventuell eng Reenjackett, laang Box + Pullover (an der Minn sinn et +/- 10 Grad), fest Schong (keng Sandalen oder Ähnleches). Falls der net kennt matgoen, sot sou séier wei méiglech dem Fredi (621 472 510) Bescheed.

Zum Camp: Wien nach net de läschte Acompte iwwerwisen huet, soll dat des Woch nach maan (Detailer sinn um läschten Ziedel). Um nächsten Ziedel kommen déi läscht Infoe fir de Camp.

Fir d’Carapio :

De Samschden 22/06 hunn mir keng Versammlung, wëll den Daach drop Nationalfeierdag as, kuckt dofir bei „Fir Iech alleguer“. Mëllt Iech beim Claire (621 68 39 99) fir bei de Spiller ze hëllefen.

De 29. Juni ass normal Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg.

Fir d’RaRo : 

De Samschden 22/06 hunn mir keng Versammlung, wëll mer den Daach drop beim Nationalfeierdag hëllefen, kuckt dofir bei „Fir Iech alleguer“.

 De Samschden drop, den 29 Juni ass Versammlung vu 16-18h um Prënzebierg.

Fir d’Albatrossen:

Fir eis lëscht Versammlung fir dëst Scoutsjoer wollte mer de Freiden 28. Juni op den Albatrossentreff zu Käl goen. RDV ass um 19:30h zu Käl beim Scoutschalet (153, rue Notre-Dame L-3621 Kayl). Mir schwätzen eis virdru via Messenger of fir Fahrgemeinschaften ze maachen.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top