Programm vun der Guilde Februar - März - Abrëll 2020


Sam. 15.02.: Pabeiersammlung

Rendezvous um 8:30h um fréiere Site Eucosider. All Hëllef ass wëllkomm.


Sam. 29.02.: Buergbrennen

Ab 9:00 Auer treffen mir eis zu Péiteng um Prenzebierg, wou mir d‘Buerg opriichten. Owes um 18 :30 Auer fänkt den Fakelzuch ënnen bei der Eucosider un.


Dën. 03.03. : Keelenowend
am Café Muller zu Lampech
Rendezvous um 20 :00 Auer.


Fr. & Sam. 6. + 7. 03. : Theater

Freides a Samschdes spillen eis Branchen zu Péiteng am Home Theater. Den Riddo geet um 19 :30 Auer op. Vergiesst net är Plazen ze reservéieren.
Mataarbechter sinn gebieden schonn ab 17 Auer ze kommen.
D’Memberen déi nach eppes fir an Tombola hunn, kennen hier Gadgeten ab den 02.03. am Home ofginn. Ab 19 Auer ass ëmmer een do, well an dëser Zéit sinn Prouwen.


Sam. 14.03.: Pabeiersammlung

Rendezvous wéi gewinnt um 8:30h um fréiere Site Eucosider. Kommt w.g.l hëllefen.


Sam. 21.03 : Filmowend
« E Liewe laang » vum Emil Angel, Member vun der Guilde
Treffpunkt um 19 :00 Auer am Péitenger Chalet.


Son. 29.03. : Scout-Resistenzdag
mat Mass an Generalversammlung
Rendezvous um 9 :30 h zu Péiteng hannert Rousen.
Mëttesiessen ass um 13 Auer am Restaurant « Parc Laval ».
Mellt Iech wgl. bis den 20.03. beim Georges un (691 434 649).


Mon. 30.03.: Comité.

Um 20:00 h am Home zu Péiteng.


Sam. 04.04.: Sortie op de Lac de Cherapont
mat Picknick
1. Départ um 9 :00 Auer zu Péiteng hannert Rousen.
2. Départ ass um 10 :30 Auer um Parking vum Lac de Cherapont.
Den Tour ass ong . 6 – 7 Kilometer laang. Jiiddereen bréngt sain
eegenen Picknick mat an muss deen och droen.


Sam & Sonn. 18. & 19.04.: Pabeiersammlung an Schaffweekend

Mir treffen eis um 8 :30 Auer zu Péiteng op der Eucosider. Fir
d’éischt sammelen mir den Pabeier. Soubal d‘Pabeiersammlung
ofgeschloss ass, schaffen a botzen mir am an ronderëm de Chalet.
Et handelt sech em een Weekend, dowéinst schlofen mir am Chalet.


Sam. 25.04. :Generalversammlung

D’Generalversammlung ass den 25. Abrëll an fänkt um 18.00 Auer
un. Traditionell get et no der Versammlung eppes z’iessen.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top