Infoziedel fir Dezember 2020

Fir Iech alleguer

Friddensliicht-Feier

Samschdes den 19. Dezember verdeelen d’Péitenger Guiden a Scouten d’Friddensliicht. Bei dëser Feier kritt jidderee symbolesch de Fridden a Form vun enger Käerz mat Heem, fir en dann am Bekanntekrees  weider ze verdeelen. Mir hunn deen Samschden keng Versammlung um Prënzebierg, mee mir treffen eis, an Uniform a Foulard, um 18:30 zu Péiteng an der Kirch fir d‘Virowendmass. No der Mass verdeelen mer dann d’Liicht. Äer Elteren, Geschwëster, Familijenmemberen an Bekannten sin häerzlech wëllkomm fir dëse méi besënnleche Moment mat eis ze feieren.

Fir d’Biber

Mir treffen eis den 05.12. um 14:00 ënne bei der Eucosider. Mir ginn ob Spuere vum Kleeschen a kucken ob en eppes fir iech fale gelooss huet. Sidd w.e.g. um 10min  fir schonn do, dass ma pünktlech um 14.00 kennen ufänken. Mir halen och um 16:00 bei da Eucosider op. Den 12.12 hunn mir eis läscht Versammlung virun der Chrëschtvakanz. Mir treffen eis vun 14:00 bis 16:00 um Bierg a loossen eis scho mol op Chrëschtzäit anstëmmen. Mir hoffen, dass dir fir déi läscht Versammlunge vun dësem Joer nach eenmol zahlreich kommt an all gesond bléift.

Fir d’Wëllefcher

Dëse Samschden den  5 Dezember ass eis Kleeschenversammlung vun 14-16h. Mir maachen eis dëst Joer wéinst der aktueller Situatioun léiwer keng Geschenker. De Samschden drop den 12 Dezember si mir och erëm um Prënzebierg vun 14-16h. De ganze Wanter iwwer gëllt: falls Schnéi läit kennt dir en Schlitt matbréngen da fuere mir domat. An ëmmer drun denken sech dem Wierder no unzedoe wëll mir sinn ëmmer dobaussen. Duerno ass keng Versammlung méi bis no der Vakanz. 

Fir d’Avex

Samschdes, den 5.12, hunn mer normal Versammlung vun 14-16h um Prënzebierg.  Samschdes, den 12.12, ass eis Chrëschtdags-Versammlung déi ass och vu 14-16h.  Denkt drun Iech waarm unzedoen. Duerno ass keng Versammlung méi bis no der Vakanz.

Fir d’CaraPio

Den 5. Dezember hëllefe mer moies bei der Pabeiersammlung. Kuckt weider ënne fir den Detail. Nomëttes ass Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg, wéi ëmmer do baussen. Den 12. Dezember gesi mer eis wéi gewinnt vum 14:00-16:00 um Prënzebierg. Mir wichtelen: bréngt eppes selwer gemaachtes mat fir ze verschenken a geschenkt ze kréien. Eenzeg Limitatioun: et soll näischt fir z’iessen oder ze drénke sinn. Duerno gesi mer eis nees 2021. E gudde Rutsch!

Fir d’RaRo

Den 5.12 ass moies Pabeiersammlung a mëttes normal Versammlung vun 16-18h. De Samschden drop den 12 Dezember ass och normal Versammlung um Bierg.

Fir d’Albatrossen

Den 5.12 as Pabeiersammlung. Den 18.12 ass eng Albaversammlung vun 20h bis 22h beim Chalet. Samschdes den 19.12 mécht d’Guilde eng Chreschtveillée no der Friddensliichtfeier an am Uschloss gëtt et ee klengt Wantergrillen. Dat geet um 19h lass an ass dobaussen, ditt Iech also waarm un. Natierlech sidd dier häerzlech wëllkomm. Mellt Iech awer beim Georges oder beim Christelle un.

Fir all d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Matarbechter, Chef a Guildememberen

Den 5. Dezember ass Pabeiersammlung. Um 8h30 ass Rdv op dem ale Site vun der Eucosider. Gëff dengem Häerz e Stouss a pack eng oder zwou Hänn mat un. MERCI

Fir de Kalenner: Pabeiersammlunge fir d’Joer 2021 sinn: 09.01, 06.02 ,06.03, 10.04, 01.05, 05.06, 03.07, 07.08, 04.09, 09.10, 06.11, 11.12

Fir d’Chef

Den nächste Grupperoot ass den 5 Januar um 20h.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top