Infoziedel bis den 6 Mäerz 2021

Fir d’Biber

No der Vakanz hunn mer de Samschden 27.02  an de Samschden 06.03 Versammlung vun 14-16h um Prënzebierg. No der laanger Zäit doheem hutt der bestëmmt vill Energie fir erëm unzerappen.

Fir d’Wëllefcher

Mir gesinn eis de Samschden 27.02  an de Samschden 06.03 Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg. Mir dréine wieder un eisem klenge Film.

Fir d’Avex

D’Vakanz ass eriwwer a mir kennen eis erëm gesinn. Mir hunn de Samschden 27.02  an de Samschden 06.03 Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg.

Fir d’CaraPio

Opgepasst: de 27. Februar ass Umeldeschluss fir den Iron Scout. Detailer weider ënnen.

MAD2GO: Mir kruten net genuch Umeldunge fir eng Péitenger Ekipp zesummen ze stellen, dofir fält dëse WE aus.

E Samschden, 27. Februar gesi mer eis vun 14:00-16:00 um Prënzebierg fir d’Escape Game „Gefahr in den Tropen“! W.e.g. umellen per SMS un de Gilles bis Freides 12:00, är Chef mussen d’Material op d’Neihaische siche fueren.

E Samschden, 6. März hëllefe mer moies bei der Pabeiersammlung (kuckt wieder ënnen). Nomëttes gesi mer eis vu 14:00-16:00 fir Naturerfahrungsspiller. W.e.g. umellen per SMS un de Gilles bis Freides 12:00, är Chef mussen d’Material op d’Neihaische siche fueren.

Vum 2. op den 3. Abrëll ass den Iron Scout, déi traditionell 65km CaraPio Wanderung fir e gudden Zweck (dës Kéier: Kanner- Jugendtelefon). D’Version vun dësem Joer ass der aktueller Situation ugepasst: et ass eng Nuechtwanderung ronderëm Klierf!

Départ ass Freides Owes (Ufank vun der Ouschtervakanz). Déi genee Zäit kréie mer gesot nodeems mer eis ugemellt hunn well d’Gruppen zäitlech versat starten. Schluss ass Samschdes fréistens ab 07:00 Auer. Wann d’CaraPio fäerdeg mat trëppele sinn, kënne si entweder mam öffentlechen Transport heemfueren, oder si kënnen zu Klierf ofgeholl ginn.

Präis entweder:

– 30€ Basic Iron-Package: 5 Gänge-Menü, Badger, Taxi an eng Bloderplooschter

– 45€ Premium Iron-Package: Basic Package + T-Shirt + VIP Taxi + 2. Bloderplooschter

Umeldung an der Versammlung oder per SMS un de Gilles bis de 27. Februar. Am Uschloss kritt der dann den Detail iwwer RDV, bezuelen, Sponsoring, a Material. Mä wann der elo schonn e puer Detailer weider wëllt, kuckt hei: https://carapio.lgs.lu/2021/02/14/1476/

P.S.: Denkt drunn iech de 17. Abrëll fir d’JoCaPio fräi ze halen!

Fir d’RaRo

Den 27.02 hunn mer Versammlung vu 16.15-18:15 um Prënzebierg.  De 06.03 ass moies Pabeiersammlung an Nomëttes Versammlung.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschde 06.03  ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Merci elo schonns fir deng Hëllef.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top