Infoziedel fir de Mäerz 2021

Fir Iech alleguer

Gedenkfeier fir de Claudio

Am Januar huet de Claudio Heiderscheid eis leider vill ze fréi verlooss. Fir un hien ze erënnere wëlle mer den 13 Mäerz no der Versammlung um 16h eng kleng Gedenkfeier beim Chalet maachen. Alleguer, déi hie kannt hunn, sinn agelueden. Mir sinn natierlech dobaussen. Dot och w.e.g är Uniform un. Wann dir eppes zur Feier wëllt bäidroen: Text/Gedicht virliesen, Lidd spillen, sangen, Foto matbréngen, da sot mir (Claire 621 68 39 99) bis den Freiden Bescheed.

Fir d’Biber

Den 13.03.2021 an den 20.03.2021 hunn mir wei gewinnt vun 14:00 bis 16:00 Auer um Bierg. Denk drun iech dem Wieder no unzedoen. Och wann d‘Sonn am Moment scho vill dobaussen ass kann et ëmmer nach kaal sinn. Dot iech war genuch un, ausdoe kann en eng Jackett ëmmer nach.

Den 27.03.2021 hëllefe mir bei der Fréijoersbotz. Mir hunn normal Versammlung vun 14:00 bis 16:00 um Bierg. Mer kucke fir eise Bësch en bësse méi propper ze hannerloossen, dass Mënsch an Deier sech do wuel fillen. Den 03.04.2021 ass keng Versammlung well do ass Vakanz.

Den 24.04.2021 ass den nationalen BiberMud. Dat ass en Rallye um Neihaischen wou mir drun deelhuelen. Mir wäerten ongeféier 3 Stonnen um Rallye sinn, de BiberMud u sech dauert awer warscheinlech de ganzen Dag. Departe sinn tëscht 9:00 an 12:00. Dat ganzt kascht 7 Euro. Well mir och nach méi genau Infoe kréie wien zum Beispill di genau Auerzäit vum Depart gi mir iech am nächsten Ziedel nach méi genau Infoen. Mellt iech dofir w.e.g. bis de 14.03.2021 beim Claire um 691309108 un. Dir musst bis dohin nach net bezuelt hunn mee mir mussen eng genau Unzuel un Kanner wëssen.

Fir d’Wëllefcher

Mir hunn den 13.03 an den 20.03 normal Versammlung vun 14-16h um Prënzebierg. Den 27.03 maache mer bei der Aktioun „Fréijoersbotz“ mat. Mir treffen eis vun 14h-16h um Prënzebierg a ginn an de Bësch fir Dreck opzerafen. Esou hëllefe mer op d’Natur opzepassen. Den 03.04 ass keng Versammlung well do ass Vakanz.

Fir d’Avex

Salut AvEx, den 13 an 20. Mäerz hunn mer normal Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Den 27. Mäerz gi mer op den Absurdrallye zu Diddeleng. Mellt Iech w.e.g bis den 20 Mäerz beim Fränz (691 942 484) un. De Rallye fänkt um 10 Auer moies un an dauert wahrscheinlech de ganzen Daach. Mir krute selwer nach net all Detailer matgedeelt. Soubal mer méi wëssen, kritt der Bescheed gesot.

Fir d’CaraPio

Bis den 13. März kënnt der iech an der Versammlung oder per SMS beim Gilles umelle fir d’JoCaPi.

D’Journée CaraPio ass e coole Rally iwwer e ganzen Dag. Dëst Joer ass et een „Trimagesche JoCaPi“, de 17. Abrëll zwëschen 08:00 an 18:00 zu Dikrech. Déi genee Auerzäit fir de Start vun eiser Ekipp, den Transport an d’Material kritt der méi spéit mat gedeelt. D’Participatioun kascht 10€.

De Samschden 13. März hu mer Versammlung vu 14:00-16:00 um Prënzebierg. Mir schaffen un eiser Bänk, bréngt dofir Schaffhändsche mat. Bréngt och 1 Zort Som oder Planzeknolle mat déi am März kënne geséint / geplanzt ginn, fir eist Hochbeet.
Uschléissend un d’Versammlung gedenke mer eisem verstuewene Member Claudio Heiderscheid. Bréngt dofir är Uniform an äre Foulard mat.

De Samschden 20. März gesi mer eis méi spéit, vun 18:00 bis spéitstens 21:00um Prënzebierg fir dobaussen e Film ze kucken zum Thema Wildniss / Abenteuer / Scouten, eben eppes dat bei eis passt. Wann der e Film proposéiere wëllt schéckt dem Gilles eng SMS. Mir décidéieren owes zesumme wat mer kucken. Wee wëll ka fir sech selwer Gedrénks, e Snack an eng Decke mat bréngen. Bréngt eng Täscheluucht mat fir den Heemwee.

 De Samschden 27. März ass Versammlung vu 14:00-16:00 um Prënzebierg.

 De Samschden 3. Abrëll ass Schoulvakanz an dofir keng Versammlung. Well mer net genuch Umeldunge krute fir eng Ekipp ze stellen huele mer leider net um Iron Scout deel.

Fir d’RaRo

Mir hunn den 13.03 an den 20.03 normal Versammlung um Prënzebierg. Den 13 fänkt eis Versammlung e bësse méi spéit un well virdrun nach eng Gedenkfeier fir de Claudio ass.  Den 27. 03 mache mir mat bei der Fréijoersbotz vun der Gemeng. Mir treffen eis normal um 16h um Prënzebierg.

Fir d’Albatrossen

Mir hunn de Freiden 19.03 um 20h Versammlung um Prënzebierg.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschden 10. Abrëll ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h op der Eucosider. Elo schonns Merci fir är Hëllef.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top