Back to scout 2021

Infoziedel bis de 26. September 2021

Fir iech alleguer: d’Biber, Wëllefcher, AvEx, CarPio, RaRo, Albatrossen, Chef a Guilde

Dëst ass den éischten Ziedel fir dat neit Scoutsjoer. Mir freeën eis Iech alleguer erëm gesond an ausgerout no der Summervakanz ze gesinn.

Dëst Joer fannen d’Feierlechkeeten zur Liberatioun vun Péiteng erëm an engem bëssche méi grousse Kader statt. De genaue Programm vun de Manifestatiounen a Concerts vum Festival de l’amitié Américo-Luxembourgeoise kennt der um Site vun der Gemeng fannen (www.petange.lu ënnert der Rubrik Agenda).Hei elo just di Evenementer wou mir als Scouten deelhuelen. Wëll nach vill vun eis an der Vakanz sinn, ass et wichteg dat dir kucke kommt fir d’Scouten ze representéieren.

Donneschdes den 9. September: Gedenkfeier beim Monument vun Hyman Josefson

R.d.v um 18:30 an Uniform um Square Hyman Josefson. Do ass eng Gedenkfeier fir de gefaalenen Zaldot. Eis offiziell Participatioun vun de Scouten ass géint 19:00 eriwwer. Déi di wëlle kënnen dann eriwwer bei de Centre Wax goen an de Concert vun der „ Märeler Big Band“ lauschteren.

Affiche réalisée? par le Comité du Souvenir de la Commune de Pétange?

Sonndes, den 12. September: Gedenkfeier bei der Borne du Passeur

RDV um 10:15h an Uniform bei der Parkierch zu Péiteng. Mir gedenken do de Passeuren, dorënner vill Scouten, déi beim Versuch Mënschen aus dem besate Lëtzebuerg ze bréngen, verhaft an och ëmbruet gi sinn. D’Zeremonie ass um 11h eriwwer.

Wichteg : Wéinst der Covid-19 Pandemie si mir all gebieden ons un d’Mesuren ze halen d.h. Ofstand halen, an Mask undoe falls dat net méiglech ass.

Biller vun der Journée de la Commémoration 2019 vum Arny Martin

Fir d’Biber, Wëllef, AvEx, CarPio, a RaRo

D’Versammlunge ginn erëm un! Mir gesinn eis de Samschden 18ten September vu 14-16h beim Chalet um Prënzebierg fir eis alleréischt Versammlung. Dëst ass och eng Schnupperversammlung fir all är Frënn déi schonn ëmmer an d’Scoute wollte kucke kommen , sech awer nach net getraut hunn. Bréngt ze einfach all mat, wat méi wat besser!!!

De Samschden drop den 25ten September ass natierlech och Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg. Bréngt do all di Frënn mat, déi den 18ten verpasst hunn.

Fir d’Albatrossen

Mir hunn eis éischt Versammlung de Freiden 17. September. Mir maachen de Plang vum Joer a fänke schonn un de Camp ze plangen.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Guilde a Mataarbechter

Samschdes den 4. September: Pabeiersammlung

R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng um ale Site vun der Eucosider. Dir kennt de Prinzip: wat méi Leit mathëllefe wat et méi schnell fäerdeg ass.  Elo schonns en décke Merci.

Samschdes de 25. September: D‘Kleedersammlung vum Kolpingswierk:

R.d.v wéi gewinnt um 9:00 Auer zu Péiteng beim ale Pompjeesbau. Mir sammele Kleedersäck vu Péiteng a ginn op Déifferdeng auslueden.

Fir d’Chef

Méindes den 15. September: Grupperot

R.d.v ass um 20°° am Avexsall.

Samschdes de 18. September: Kongress am Stade Josy Barthel

Dëst Joer kann de Kongress erëm „en présentiel“ stattfannen. De genaue Programm vun den Diskussiounsronnen an Ofstëmmunge fannt der an der Chefbox (https://chefbox.lgs.lu). Start ass um 16h. Dat Ganzt ass en Covidcheck-Event a wäert dobausse sinn, dofir ditt Iech dem Wierder entspriechend un a vergiesst ären Impfziedel net. De Kongress ass just fir ernannte Chef/tainen. Jidderee soll sech selwer iwwert d’Chefbox umellen, et gi keng Gruppenumeldunge gemaach. Wann dir Problemer mat ärem Login hutt da mellt Iech bei mir oder beim Annick fir ze kucken op är Daten am Membersfichier aktuell sinn.

Sonndes, de 26. September: Chefdag zu Ettelbréck bei den Däichwisen

Och de Chefdach fënnt erëm bal normal statt. En fänkt um 9 Auer un an dauert bis 16h. Wann dir nach Detailer noliese wëllt, da gitt op de Site vun de LGS an d’Chefbox kucken. Um Chefdach kann all Chef/taine matmaachen och wann hien/hat keng Ernennung huet. Dëst ass och en Covid-Check Event. Jidderee soll sech selwer iwwert d’Chefbox umellen, et gi keng Gruppenumeldunge gemaach.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top