Guilde Aktivitéiten September – Oktober 2021


Donneschdes den 9. September: Gedenkfeier beim Monument vum Hyman Josefson

R.d.v um 18:30 an Uniform um Square Hyman Josefson. Do ass eng Gedenkfeier fir de gefaalenen Zaldot. Eis offiziell Participatioun vun de Scouten ass géint 19:00 eriwwer. Déi di wëlle kënnen dann eriwwer bei de Centre Wax goen an de Concert vun der „ Märeler Big Band“ lauschteren.

Sonndes, den 12. September: Gedenkfeier bei der „Borne du Passeur“

RDV um 10:15h an Uniform bei der Porkierch zu Péiteng. Mir gedenken do de Passeuren, dorënner vill Scouten, déi beim Versuch Mënschen aus dem besate Lëtzebuerg ze bréngen, verhaft an och ëmbruet gi sinn. D’Zeremonie ass um 11h eriwwer.
Wichteg !! Wéinst der Covid-19 Pandemie si mir all gebieden eis un d’Mesuren ze halen d.h. Ofstand halen a Mask undoe falls dat net méiglech ass.

Samschdes, den 18.September: Trëppeltour

R.d.v. um 14 Auer zu Bieles virun der Gemeng

Samschdes den 25 September: D‘Kleedersammlung vum Kolpingswierk

R.d.v. wéi gewinnt um 9:00 Auer zu Péiteng beim ale Pompjeesbau.

Samschdes, den 16. Oktober: Franziskusmass

R.d.v. 15 Auer um Bierg fir eng kleng Gesangsprouf. 16 Auer Mass, gehale vum Pater Klein
Denkt och hei wegl. un är Mask!

Samschdes, den 23.10 Sortie op Schengen

Mer maachen en Trëppeltour vun 8-9 km mat engem Héichtenënnerscheed vun ongeféier 150 Meter. De Marco gëtt ënnerwee e puer Erklärungen iwwer d‘Geologie vun der Géigend.
Jidderee ging sech Picknick matbréngen fir ënnerwee.
R.d.v. A : Well nach eventuell Chantier ass, ginge mer eis um 9:45 an der Staater Gar trëffen, wou mer zesummen op Rocade gin fir do de Bus 315 ze huelen
B: 10:35 zu Schengen am Duerf (Haltestell) Umëllen : Vum 13.10 bis 22.10 beim MARCO : 621 346 812
An zum Schluss nach e klenge Sproch: « Oft muss man stark sein, wenn man etwas verändern möchte. Aber noch stärker muss man sein, wann man akzeptieren muss, wie es ist, oder warten muss, bis es vorüber ist. » -Zeitblüten

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top