Scoutsziedel bis den 19. Dezember 2009

Fir iech alleguer:
Samschdes den 19. Dezember verdeelen déi Péitenger Guiden a Scouten d’Friddensliicht. Hei kritt jidfereen symbolesch de Fridden mat Heem, fir en dann am Bekanntekress  oder an der Noperschaft weiderzeverdeelen. Dest Joer kënnt d’Friddensliicht vum Bierg an d’Kiirch! Mir verdeelen nämlech d’Friddensliicht zu Péiteng firun der Kiirch. No der Mass, déi um 17.30 Auer ugeet huet d’Music Factory (d’Jugendesktioun vun de Léiweckercher) een Chrëschtconcert. Nom Concert suergen mir dann fir d’Fortsetzung vum Programm: Mir machen  Glühwein fir Grouss a Kleng an verdeelen d’Friddensliicht. D’Music Factory haat d’Idee fir mat deser Aktioun d’APEMH (Association des Parents d’Enfants Mentalement Handicapés) ze ennerstetzen, daat fannen mir eng super Saach an do schléissen mir eis un: Et gëtt keen Entrée gefrot fir de Concert och fir den Glühwein, an d’Friddensliicht gëtt neischt gefrot, d’Leit gin esou vill wéi sie et fir richteg haalen an mir iwerweisen déi Suen intégral un d’APEMH.
Fir all eis Memberen: R.d.v um 17.30 Auer an Uniform firun der Kiirch. Et ass och méiglech fir just fir de Concert ze kommen. D’Elteren, Bridder a Schwesteren, Frënn a Bekannten … sin härzlech wëllkom!
Dest ass den läschten Ziedel fir dest Joer, duefir profitéiren ech vun der Geleegenheet, fir jidferengem fir seng Mathellef , a sein Engagement uechtert d’Joer MERCI ze soen. D’Cheféquipe wënscht Iech an  Ärer Famill schéin Kreschtdeeg an ee gudde Rutsch an d’Joer 2010.
Fir all d’Wellefcher:
Den 19. Dezember hun mir eng Chrëschtfeier vun 14°°-16°° um Prënzebierg. Brengt alleguer e Cadeau (net méi deier wéi 2€),am léiwsten eppes Selwergemachenes an eng Bull fir op de Beemchen mat. Liest och bei: Fir iech alleguer, a macht mat!
Deng Chef
Fir all d’AvEx:
Den 19. Dezember hun mir eng Chrëschtfeier vun 14°°-16°° um Prënzebierg.Brengt alleguer e Cadeau (net méi deier wéi 2€),am léiwsten eppes Selwergemachenes an eng Bull fir op de Beemchen mat. Liest och bei: Fir iech alleguer,a macht mat!
Deng Chef
Fir all CaraPio:
Den 19. Dezember hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Liest och bei: Fir iech alleguer, a macht mat!
Den 9. an den 10. Januar ass et esou weit, dann gin mir op den Wanterhike! Mir treffen eis Samschdes um 9°° zu Diddeleng um Parking virum Match. Sonndes ass den Hike um 18°° zu Diddeleng um Parking virum Match eriwer. Mathuelen: Dëck Schung, Gezei fir ze wiesselen, e warmen Schloofsaack (mir schlofen an enger Scheier), Gamelle an e Bidon, Fiche médicale (kënnt mam nächsten Ziedel) an eng Secherheetsveste. Daat Ganzt kascht 15€, dir braucht neischt fir z’iessen matzebrengen.
Deng Chef
Fir all d’RaRo:
Mir gin e Samschden eng Visite Guidée vun der Brauerei machen an duerno si mat beim Friddensliicht derbei, liest och bei: Fir iech alleguer.
Deng Chef

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top