Scoutsziedel bis den 23. Januar 2010

Fir Iech alleguer:
Theater
Mir spillen den 22. an 23. Januar Theater zu Lamadelaine am Centre de Loisirs Theater. Et ging eis ganz besonnesch fréen wann dir eis zu ganz fill kucke kéimt! Et gët gespillt:

  • Wëllefcher: Op der Sich nom Rum
  • AvEx: An der Kichen
  • CaraPio: De Papp dee baut eng Zeitmaschinn…
  • D’Cheféquipe an Matarbechter spillen de lëschtegen 3 Akter: Knapps bestued a schons vill Schued.

Den Rido ass um 20°° (d’Kanner déi matspillen sollen um 19.30 am grousse Sall sin.) Den Preis ass 8 Euro fir Erwuessener an 4 Euro fir d’Kanner bis 15 Joer. Déi Kanner wou matspillen mussen natirlech neischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sin och gratis. Resevéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet. Dir kennt Är Plaatzen vun ELO un,  um 691435358 (Zoller) no 17°° Auer reservéiren. P.S. Wann dir eis e besse wellt ennerstetzen an eis eppes fir an d’Tombola wellt gin, dann gidd Ärem Kand et einfach bis den 21. Januar mat an eng Prouf. Fir d’Tombola brauchen mir och ëmmer eidel Corbeillen, wann dir esou eppes doheem hut, wier et ganz léif wann dir dem Annick (AvEx Cheftaine) se gingt den 9. oder 16 Januar um Bierg ofgin. Villmols Merci am viraus!
Home on Fire
D’RaRo invitéiren iech Freides den 15. Januar op hiren Baal den « HOME on FIRE » vun 20°°un am Home zu Péiteng.
Fir all d’Wellefcher:
Salut Theaterspiller! Et dauert net méi lang, da sti mir op der Bühn. Eis nächst Versammlungen dréinen sech ganz em den Theater. Den 9. Januar hun mir vun 14°° bis 16°° Versammlung um Bierg. Samschdes den 16. Januar prouwe mir vun 13.30 Auer bis 15°°Auer zu Péiteng am Home. Dënschdes den 19. Januar an Donneschdes den 21. Januar prouwe mir vun 15°° Auer bis 16.30 Auer am Centre de Loisirs zu Lamadelaine. Et ass wichteg dass dir an all Prouf sidd!!
Fir all d’AvEx:
Léif AvEx. Déi 2 nächst Samschdeger den 9. an den 16. Januar hun mir vun 14°° bis 16°° Versammlung um Bierg, wou mir fleisseg un eisem Stëck schaffen. Dënschdes den 19. Januar an Donneschdes den 21. Januar prouwe mir vun 16.30 Auer bis 18°° Auer am Centre de Loisirs zu Lamadelaine. Et ass wichteg dass dir an all Prouf sidd!
Fir all CaraPio:
Salut alleguer,wéi dir wësst gin mir den 9. an den 10.  Januar op de Wanthike. Hei nach eng Kéier de Resumé: Mir treffen eis Samschdes um 9°° zu Diddeleng um Parking virum Match. Sonndes ass den Hike um 18°° zu Diddeleng um Parking virum Match eriwer.
Mathuelen: Dëck Schung, Gezei fir ze wiesselen, e warmen Schloofsaack (mir schlofen an enger Scheier), Gamelle an e Bidon, Fiche médicale (leit bei) an eng Secherheetsveste. Daat Ganzt kascht 15€, dir braucht neischt fir z’iessen matzebrengen. Den 16.1 hun mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Dënschdes den 19. Januar an Donneschdes den 21. Januar prouwe mir vun 18°° Auer bis 19.30 Auer am Centre de Loisirs zu Lamadelaine. Et ass wichteg dass dir an all Prouf sidd!! E Samschden den 16.Januar ass Pobeiersammlung. R.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstroos. Mir zielen op iech!
Fir all d’RaRo:
E Freideg den 15 Januar si mir deck am Asatz fir eise Baal. Och fir den Theater gin mir gebraucht: Kulissen rafistoléiren…  a beim Theater suerge mir duefir dass alles waat net Theaterspillen ass, klappt. E Samschden den 16. Januar ass Pobeiersammlung. R.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstroos. Mir zielen op iech!
Fir all d’Matarbechterd’RaRo, d’CaraPio an d’Cheféquipe:
E Samschden den 16.Januar ass Pobeiersammlung. R.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstroos. Elo schons en dëcke Merci! Fir op de Kalenner d’Pobeiersammlung vum Februar ass den 7. Februar.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top