Scoutsziedel

Fir iech alleguer:

Endlech fänkt daat neit Scoutsjoer un J. Pünktlech zum Ufank vum neie Joer mache mir zu Péiteng Biberen op, des Branche ass fir all Kand vun 6-8 Joer (éischt an zweet Schouljoer). D’Lena Brosius an de Mike Peters gin Biberchef. Wann dir Froen zu der  Biberfamill hut, da kënnt dir roueg dem Lena uruffen 621765259. Fir eng weider Branche kennen opzemachen an awer alleguer Samschdes Nomëttes Versammlung ze hun, hu mir d’Säll anescht opgedeelt. D’Biber sin am Chalet, d’Wëllef gin an de fréiere CaraPio Sall an d’CaraPio kommen an dee fuschnei renovéierten Schapp, den sie sech mat de Rover deelen. Wëll d’Rover eréicht vun 16°° un Versammlung hun, kommen déi gudd laanscht eneen.

Fir all d’Biberen:

Moien klenge Biberfrend, mir fréen eis, dech an eiser Biberbuerg begréissen ze kennen. Déi éischt Versammlungen sin den 15. an den 22.09 vun 14°°-16°° um Prënzebierg . Mach Dech op flott Versammlungen mat Spill a Spaass gefaasst……

Fir all d’Wëllefcher:

Salut Wëllef, mat Schwonk geet et lass. Mir gesin eis den 15. an den 22.09 vun 14°°-16°° um Prënzebierg . Ditt Gezei  un  waat DÄRF knaschteg gin

Fir all d’ AvEx:

Leif AvEx, d’Vakanz ass eriwer an domadder fänken endlech rem eis super-cool Versammlungen un !
Dofir gesinn mir eis den 15. an den 22. um Bierg vun 14°° bis 16°°

Fir all d’CaraPio:

Mir hun de 15. an de 22. all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Mir machen eis scho Gedanken iwer d’Montee. Déi zwee Samschdeger si mir awer och op DENG Hëllef ugewisen . LIES w.e.g bei: Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef .

Fir all d’RaRo:

Mir hun de 15. an de 22. all Kéier vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg. Déi zwee Samschdeger si mir awer och op DENG Hëllef ugewisen. LIES w.e.g bei: Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef .

Fir all d’RaRo:

Mir hun de 15. an de 22. all Kéier vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg. Déi zwee Samschdeger si mir awer och op DENG Hëllef ugewisen. LIES w.e.g bei: Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef .

Fir all d’Chef:

E Mettwoch den 19.09 ass um 18.30 Auer de Kongress vun de Chef. De Chefdaag ass Sonndes den 23.09 vun 9.30 Auer un. All Kéier zu Scheffleng am Hall Polyvalent.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:

Daat neit Scoutsjoer fänkt direkt mat Arbecht un:

15.09: Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 auer zu Péiteng op der Lengerstross.

22.09: Aal Kleedersammlung. R.d.v um 9°° beim aalen Pompjeesbau.

Elo schons en decke MERCI fir DENG Hëllef!

D’Guilde invitéiert eis den 29. op hiert Grillfest um Prënzebierg. Fir a Stëmmung ze kommen gi mir fir d’éischt e bëssen trëpplen. Daat ganz geet géint 16°° un.

Mellt iech bis den 26.09 beim Martine Schlottert um 621414040 un

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top