Scoutsziedel

Fir iech alleguer:
Den 27. an 28.Oktober huet de ganze Grupp e Weekend um Kuelbicherhaff. Haalt iech elo schons desen Datum frei. Dest Erliefniss soll kee verpassen. Detailer kommen no.

Fir all d’Biberen:
An der Versammlung vum 29.September gi mir mat Spill a Spass villes iwer d’Beiekinigin gewuer….
De 6. Oktober kachen a brache mir um Feier. Ei, gëtt daat lecker….
Mir treffen eis all Kéier vun 14°°-16°° Auer um Prënzebierg

Fir all d’Wëllefcher:
Wëllef, kommt alleguer den 29.September an den 6. Oktober vun 14°°-16°° Auer op de Prënzebierg.
Wichteg : Den 29. musst dir alleguer aalt Gezei undoen, waat därf knaschteg gin. De 6.Oktober gëtt et extra spannend, et gëtt awer nach neischt veroden ?

Fir all d’ AvEx:
Salut AvEx, mir hun den 29.September an de 6.Oktober all Kéier vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Mir kéinten iech elo Seiteweis schreiwen waat mir alles machen, vun der Redaktioun krute mir awer net esou fill Platz. Komm am bäschten selwer op de Bierg a loos dech iwerraschen.

Fir all d’CaraPio:
Salut, mir hun den 29.September an de 6.Oktober all Kéier vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Den 29. Sidd dir jo och op d‘ Grillfest vun der Guilde (den „aalen“ Scouten) invitéiert. Mellt iech bis den 26.09 beim Martine Schlottert um 621414040 un.
Wéi dir alleguer wesst gi mir d’nächst Joer vum 19.-31. Juli op den Nationalen CaraPio Camp an England zu Wareham no bei Poole. De Camp kascht +/- 450€. Aus organisatoresche Grënn ass et wichteg dass dir iech elo schons umellt. Duefir iwerweist bis den 1.11 150 Euro op de Konto vun de Péitenger Scouten. Vergiesst net ären Numm an CaraPio Camp 2013 dropzeschreiwen.Hei eis Kontonummer:
Péitenger Guiden a Scouten
BCEE LU 67 0019 6803 7218 2000

Fir all d’RaRo:
Den 29.09 gi mir op d’Grillfest vun der Guilde.Déi Leit wou sech nach net bei mir ugemellt hun sollen
daat bis den 26.09 beim Martine Schlottert um 621414040 machen. De 6. Oktober hu mir vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio an d’Chef:
Wéi dir west huet d’Guilde eis op hirt Grillfest invitéiert Déi Leit wou sech nach net bei mir ugemellt hun sollen daat bis den 26.09 beim Martine Schlottert um 621414040 machen.
Déi nächst Pobeiersammlung ass den 13.10

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top