Scoutsziedel

Fir all d’Biber:

Léif Biber nächste Samschdeg, de 27. Abrëll hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Didd iech dem Wieder no un well mir sin dobaussen. E Samschdeg de 4.Mee ass KENG Versammlung, well d’Chef do fiiiiil fir d’Scoute musse schaffen.

 Fir all d’Wëllefcher:

Foto: 'Knights in Battle' vum keaw_yead_3

Dir Knappen an Anwärter äre Kinneg, an är Kinnigin loosse verlauden: De 27.Daag am véierte Mount vum Joer ass vun 14°°-16°°Knappentreffen um Bierg vun de Prënzen. E Samschdeg de 4.Mee ass leider KENG Versammlung, well d’Chef do fiiiiil fir d’Scoute musse schaffen.

 Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, nächste Samschdeg, de 27. Abrëll hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. E Samschdeg de 4.Mee ass KENG Versammlung, well d’Chef do fiiiiil fir d’Scoute musse schaffen.

 Fir all d’CaraPio:

Iron Scout: R.d.v an Uniform, e Freideg de 26.Abrëll um 19h am Chalet Hondsbesch, Nidderkuer – 175, av de la Liberté, L-4602 Déifferdang. Denkt ennert anerem un: *Carrymatt, *Schlofsack, *Gamelle (mat Besteck an Becher), *Rucksack, *Täschelut ,* gudd Schung fir ze treppelen, (well et vill iwert Macadam geet, sin deck Biergschung, mat harder Suelen, net dei aller bescht Leisung, eichter gudd Laafschlappen oder Trekkingschung mat mei mellen Suelen), *déi rechtlech 15EUR fir den WE, (brengt d‘Sue mat ob den WE), déi ausgefellten Fiche médicale. D’Fiche médicale fannt dir HEI =>Fiche méd_Péit_. Schluss as Sonndes speitstens um 11h.

Versammlungen: Den 4. Mee as keng Versammlung, well d’Chef all ob engem „Schaff-WE“ sin, wou Zelter fir den Camp kontrolleiert gin.

Camp 2013:  Et gëtt nees Zäit fir déi nechst Tranche fir den Camp 2013 ze bezuelen. Dat wieren genau nees 150 Euro pro Persoun. Vergiesst net äeren Numm an CaraPio Camp 2013 2. Accompte dropzeschreiwen.Hei eis Kontonummer:

Péitenger Guiden a Scouten BCEE LU 67 0019 6803 7218 2000

Fir all d’RaRo: 

De 27.Abrëll ass leider keng Versammlung. Är Chef musse schaffen oder sin um Iron Scout 🙁
De 4. a 5. Mee si mir awer beim super coole Zelt-Tik W.E derbei=> kuck bei: Fir all d’Matarbecher,d’RaRo,  an d’Chef.

Neies vun der Guilde

D‘Elteren vun eise Memberen, d‘RaRo, d‘Chef an d‘Frënn vun de Péitenger Guiden a Scouten sin härzlechst agelueden bei eisen Aktivitéite matzemachen.

2. Mee 2013: Keelenowend:R.d.v um 20°° am Café Porte de Lamadelaine

9. Mee 2013 Familljensortie op d’Bilschdrefer Guide Kirmes :Mir fueren Christi-Himmelfahrt op d’Bilschdrefer Guide Kirmes. Hei de Progamm: Mass um 11°°, duerno Mëttegiessen, vum Grill oder Menu.Mettes e Fousstour an der Ëmgéigend. Och fir Leit déi net gär trepplen gëtt vill Animatioun gebueden.Winst dem Menu: Gefëllte Kallefsbreschtchen mat Gromperegratin an duerno engem Steck Taart fir 18 Euro ass et wichteg dass dir iech beim Martine um 503271 umellt.

Den Rendez-vous ass um 9.30 Auer zu Péiteng op der Maartplaz oder um 10.45 Auer zu Bilschdref.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo,  an d’Chef:  

De 4. a 5. Mee hu mir eisen Zelt-Tik W.E Mir kucken all eise Zelter no a mache vereenzelt Fleckarbechten….. Mir treffen eis vun 9°° Auer un um Bierg. Matbrengen CarryMatte, Schlofsack, Loscht fir ze schaffen a gudd Laun. Daat ganzt dauert bis Sonndes +/- 16°°. Fir all d’Leit déi eigentlech keng Zeit hun: Natiirlech ass et och méiglech dass dir just schaffe kommt an fir de gemittlechen Deel (owes) net derbei sidd 🙂

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top