Informatiounsblad vun der Guilde vum Mäerz 2014

 Samschdeg, den 8. Mäerz 2014 ass Buergbrennen
All Hëllef ass wëllkomm. Rendezvous um 9 Auer beim Scoutschalet fir d’Buerg op ze riichten. Den Fakelzuch geet um 18.30 Auer ënnen beim Wee fort. Géint 19 Auer gëtt d’Buerg ugefaang.

 Donneschden, den 20. Mäerz 2014 ass Keelenowend
Rendezvous: 20.00 Auer am Café Müller zu Lampech (25, rue Centrale)

 Samschdeg, den 29. Mäerz 2014 ass Sortie op Schuller
Depart mam Zuch um 9.43 Auer zu Péiteng op der Gare. De Fousstour ass ongeféier 8 km laang. Mëttegiessen ass am Restaurant „Osteria del Ponte“ 65, rue de la Gare – Schuller Gare. Menü à la carte
Umeldung bis spéitstens e Dënschdeg, den 25. Mäerz beim Martine Schlottert
Tel: 50 32 71 oder GSM 621 414 040.
Och Netwanderer si wëllkomm.

Samschdeg, den 5. Abrëll 2014 ass Pabeiersammlung
Rendezvous um 8.30 Auer op der Léngerstross.

Ouschterméindeg, den 21. Abrëll ass Sortie
Depart mam Zuch um 13.22 Auer zu Péiteng op der Gare fir op Uewerkuer.
De Fousstour op Péiteng zeréck ass ongeféier 9 km.

Donneschden, den 24. Abrëll 2014 ass Keelenowend
Rendezvous: 20.00 Auer am Café Müller zu Lampech (25, rue Centrale)

Méindes, den 28. Abrëll 2014 ass Comité um 20 Auer am Home

 Samschdeg, den 3. Mee 2014 ass Pabeiersammlung
Rendezvous um 8.30 Auer op der Léngerstross.

 Samschdeg, den 17. Mee 2014 ass Generalversammlung
Mir treffen eis um Prënzebierg am Chalet. Detailer kommen no.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top