Informatiounsblad vun der Guilde Juni 2014

Samschdeg, den 14. an Sonndes, den 15. Juni 2014 ass Schaff-WE um Bierg

Ronderëm de Chalet sinn nach verschidden dringend Aarbechten auszeféieren. De Grupp rechent staark mat eiser Mataarbecht,

Samschdeg, den 5. Juli 2014 ass Pabeiersammlung

Rendezvous um 8.30 Auer beim Chantier Alleva zu Péiteng op der Léngerstrooss.

Sonndeg, den 6. Juli 2014 ass eis Sortie op Betebuerg

Mir ginn op d’Wisefest vun der Maison de soins „An de Wisen“.

Eise Grupp ass do aktiv. Mir sinn ower nëmmen op Besuch.

Mëttegiessen ass um Wisefest mëglech. De Menü an de Präis si nach onbekannt. Fir de Menü muss ee sech umellen bis kuerz virdrun.

Gegrilltes ass ouni Umeldung ze kréien.

De Guy Zoller wëllt eng Visite guidée duerch de Betrib féieren.

Nomëttes ass e Fousstour zu Diddeleng iwwert de Sentier Kräizbierg vun 3,2 km

D’Sortie an de Bambësch ass op e spéideren Datum verluecht.

Samschdeg, den 12. Juli 2014 ass Schoulfest ze Rodange

Méindeg, den 14. Juli 2014 ass Schoulfest ze Péiteng

Bei dessen zwee Fester wëllt de Grupp nei Biber (Kanner aus dem 1. an 2. Schouljoer) fir de Scoutissem begeeschteren. D’Mataarbecht vun der Guilde ass wëllkomm.

Méindeg, den 4. August 2014 ass Comité

Rendezvous um 20.00 Auer am Home zu Péiteng.

Samschdeg, den 9. August 2014 ass Sortie op de Kuelbécherhaff bei Huelmes

De Grill steet prett an d’Feier brennt. Dir braucht nëmmen äert Iessen an äert Gedrénks matzebréngen.

Rendezvous ab 10.00 Auer um Haff.

Nomëttes ass e klenge Verdauungsfousstour.

Samschdeg, den 16. August 2014 ass Pabeiersammlung

Rendezvous um 8.30 Auer beim Chantier Alleva zu Péiteng op der Léngerstrooss

Samschdeg, den 27. September 2014 ass „Scout fir een Dag“

De Grupp presentéiert sech mat typesche Scoutsaktivitéiten an a ronderëm de Park a versicht de Péitenger Kanner de Scoutissem méi no ze bréngen. D’Guilde ass mat engagéiert, sou wéi d’lescht Joer

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top