Scoutsziedel bis den 28. Juni

Fir iech alleguer:

Wéi all Joer huele mir och dest Joer un de Feierlechkeeten vun Nationalfeierdag deel. Dest Joer sinn d’Feierlechkeeten zu Rodange. Mir treffen eis den 23.06 an Uniform um 8.20 Auer zu Péiteng beim ale Pompjeesbau a fueren  mat der Busnavette op Rodange. De Bus fiert um 12.15 Auer nees zeréck.

Fir all d’Biber:

Léif Biber mir hunn déi zwee nächst Samschdeger, den 21. an den 28. Juni all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. D‘Versammlungen stinn ënnert dem Thema Déieren an Natur eis Welt besser kennen léieren.
Am Summer gi mir gären ob Réiser ob de Camp an et wär flott wann ma schonn eng ongeféier Zuel hätten vu Kanner déi mat ginn. Den Camp wär fum 18-20 Juli. Wann dir Loscht hut matzegoen, da maacht w.e.g eng SMS un d’Claire Tel. 691309108. Des Umeldung ass net definitiv mais nëmmen dass d’Chef eng Idee kréien wéi vill Kanner mat ginn.  Mir maachen och nach eng Eltereversammlung fir um Camp. Wieder Detailer kommen no. Liest och bei: „fir iech alleguer“

Fir all d’Wëllefcher:

Léif Wëllef, mir hunn déi zwee nächst Samschdeger, den 21. an den 28. Juni all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Liest och bei: „fir iech alleguer“

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, dei zwee nächst Samschdeger, 21. an den 28. Juni, hu mir Versammlung mat den Käerjenger AvEx zesummen fir eis op den nationalen Camp virzebereeden. Dofir treffen mir eis vun 14:30 bis 17:00 zu Kënzeg beim Scoutschalet. Deen ass vis-a-vis vum Fussballsterrain bei der Spillplaz. Et fir super wann är Elteren iech kéinten dohinner bréngen. Falls dat net geet, sot der dem Fredi, um 621 47 25 10, bis Freides Owes Bescheed. Liest och bei: „fir iech alleguer“

Fir all d’CaraPio:

Samschden 21. Juni ass normal Versammlung vu 14-16 Auer.
De Samschden 28. Juni ass KENG Versammlung.

Klammen zu Iechternach
Klammen zu Iechternach – Foto Gilles Glod

De Sonndeg, 29. Juni gi mir op Iechternach an d’Hal kloteren. Mir léiere fir d’éischt mat Moniteuren déi richteg Kniet a Sécherheetstechniken a schaffen zesumme fir eis Limitten ze iwwerwannen. Et gëllt 14 Meter erop ze klammen! Rdv an Uniform ass zu Péiteng beim ale Pompjeesbau um 13:15. Mir fuere mat Autoen  op Iechternach. Matbréngen: E klenge Rucksak mat Sportskleedung, Sportsschung, Waasser, 10€ (Entréespräis). (Méi Info hei). Retour zu Péiteng ass géint 18:00. Mellt iech bis spéitstens den 21. Juni beim Gilles Glod un.
Summercamp Together: et ass gläich esou wäit! Eisen internationale Camp ass um Kierchbierg vum 17.-26. Juli. Maacht w.e.g. bis den 20. Juni de Virement: 300€, LGS Grupp hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000, Mentioun: Together + Numm vum CaraPio. Detailer komme mi spéit. Déi firwëtzeg kënnen awer schonn op www.fnel.lu/camp-du-centenaire.html luusse goen.

Liest och bei: „fir iech alleguer“

Fir all d’RaRo:                                                                                      

Mir hun déi zwee nächst Samschdeger, den 21. an den 28. Juni all Kéier vu 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg. Liest och bei: „fir iech alleguer“

Neies vun der Guilde:

Sonndeg, den 6. Juli 2014 ass eis Sortie op Betebuerg. Mir ginn op d’Wisefest vun der Maison de soins „An de Wisen“.Eise Grupp ass do aktiv. Mir sinn ower nëmmen op Besuch.

Mëttegiessen mat dem Menu: Coupe Crémant/Petite Assiette de Gourmandises Luxembourgeoises/ Mixed Grill Sauce Bearnaise, Pommes Frites, Tomate aux Herbes, Ravier de Salade/ Méli Melo des Fruits du Verger  fir 20 Euro. Umeldung bis spéitstens Sonndes den 29.Juni beim Martine Schlottert (Tel.: 50 3271 oder GSM: 621 414 040). Fir eppes vum Grill brauch een sech net unzemellen.

Nomëttes ass wann Leit intresséiert sin eng Visite Guidée vum Pflegeheem, duerno Fousstour zu Diddeleng iwwert de Sentier Kräizbierg vun 3,2 km.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top