Scoutsziedel bis den 30. Mee 2010

Fir ierch alleguer:
Den 22.05 an den 29.05 si keng Versammlungen. D’Cheféquipe wënscht iech alleguer eng schéin Vakanz! Et ass awer net esou wéi wann näischt lass wär: D’AvEx, déi hu vum 22.05-23.05 e W.E (Détailer sti bei : Fir all d’AvEx).
Den 29. an den 30. Mee ass de groussen Keltefestival Bealtaine um Neihaischen den schon fir déi drëtte Kéier vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute organiséiert gët. Hei d’Héichpunkter vum Festival: Samschdes Sonndes si vun 10:00-18:00 e ganze Koup Aktivitéiten wou d’Liewen vun de Kelte gewise gëtt. Samschdes ass vun 18:00-21:00 Open-Air Concert mat keltescher live Musik.

Fir op de Kalenner:
D’Guilde vun de Péitenger Guide a Scouten organiséiert flott Trëppeltier wou dir als Member oder als Famill härzlech Wëllkomm sidd.

  • Samschdes 19. Juni: Fousstour vun 6 k.m. zu Ueschdref
  • Sonndes den 25. Juli: Fousstour vun 5 k.m. zu Munneref
  • Sonndes den 22. August: Fousstour vun 7 k.m. vun Heischend op Feelen

Fir all Tour ass den Départ um 9:30 zu Péiteng op der Maartplatz. Well een vum Goen hongreg gëtt ass all Kéier e Mëttegiessen firgesin. Wann dir intresséiert sidd, da mellt iech w.e.g eng Woch virum Tour beim Norbert Brosius um 508097 un, da reservéiert hien fir iech eng Platz am Restaurant.

Fir all d’ AvEx:
Salut dir Trapper! Wéi dir wesst mache mir als Ofschloss vun eiser Entreprise en Hike. Esou wéi daat sech fir richteg Trapper gehéiert iwernuechte mir am Fräien ënnert engem Iwerdaag. Zur Erënnerung: Paackt nemmen esou vill an äre Rucksack wéi dir och droe kennt, macht alles an eng grouss Plastikstut (fir d’éischt Tuut an de Rucksack an dann d’Sachen dra machen). Hei waat dir alles musst mathuelen:

  • Gezei fir all Wieder
  • eng gudd Reejaket (also eng déi de Reen ofhält)
  • eng Mutz (owes gëtt et kaal)
  • Wanderschung
  • déck Strëmp an Ennerwäsch fir ze wiesslen
  • e Schlofsack an eng Carrymatt
  • e Bidon mat Waasser an Iessbesteck
  • Fiche Médicale (hei eroflueden)
  • gudd Laun a vill Energie!

De W.E kascht 15 Euro (gëtt beim Départ bezuelt). Départ: Mir treffen eis an Uniform Samschdes den 22. Mee um 16°° zu Péiteng beim aale Pompjeesbau. Retour: Sonndes den 23. Mee si mir erem um 18°° zu Péiteng beim aale Pomjeesbau. Mellt iech w.e.g. bis spéitstens e Mëttwoch beim Gilles Michels um 621688422 un, fir wieder Froen steet hien iech gär zur Verfügung.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top