Lettre d'infos jusqu'au 19 novembre

Ukennegung vum Grupp: Eise laangjärege Gruppechef den Guy Zoller huet säin Amt als Gruppechef un déi nächst Generatioun weiderginn. Déi nei Gruppecheftaine ass elo d‘Claire Dording. Den Guy geet eis awer net verluer; hien bleift aktive Member an der Guilde. Fir Iech alleguer : 1)     Cotisatiounen Et ass nees un der Zäit fir de Joresbäitrag ze bezuelen. Des Suen ginn integral un de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwwerwisen. Duerch d’bezuelen vun der Cotisatioun ass äert Kand verséchert a kritt e puer mol am Joer eng Festschreift geschéckt. Iwwerweist w.e.g esou séier wéi méiglech 15 Euro fir dat eelst Kand an 12 Euro fir déi aner Kanner op eise Konto. Vergiesst net den Numm vun ärem Kand derbei ze schreiwen. Villmools Merci ! P.S. D’Mataarbechter a Chef brauchen keen Beitrag ze bezuelen, de Péitenger Grupp mécht dat fir si als kleng Unerkennung fir hir Aarbecht.

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mam Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.

2)     Umeldungen fier den GoUrban Dëst Joer fënnt en groussen internationalen Camp um Kierchbierg an der Stad statt, den GoUrban. Do kennen all Branchen matmaachen, vun deenen klengsten Biber bis zu den RaRo an Albatrossen. Dat gëtt eng super Geleeënheet fier Scouten aus dem ganzen Land an souguer aus friemen Länner kennenzeléieren! Also verpasst den GoUrban net an mellt Iech lo schon bei den Branchenresponsablen un! Weider Detailer fannt der an der Annexe an op http://www.GoUrban.lu. Mataarbechter an Leit déi am Staff wëllen mat hëllefen sollen sech elo schonns selwer op https://join.GoUrban.lu umellen. 3)     Aktioun Adventskränz : Wéi all Joer hu mir e Stand um Nikloosmaart. Mir sinn den 2, 3 an den 4 Dezember virum Stadhaus, fir flott Arrangementer ze verkafen. Mir freeën eis op äre Besuch! Opgepasst: um Maart selwer wäerten mer dëst Joer keng Adventskränz verkafen, duerfir  profitéiert vun dëser Aktioun a bestellt e Kranz per Telefon beim Claire Zwick (691309108). Detailer fannt der an der Adventskränz 2016 Annexe.

Pour les castors: 

Chers Biberturtles, le 12 et le 19 Novembre on se retrouve au  Prënzebierg pour sauver notre planète! On vous attend tous de 14H à 16H! A bientôt 🙂

Fier d’Wellef : Dir léif Wëllef, mir hoffen dir hat eng schéin Vakanz. Den Wanter steet virun der Dier, et gëtt kal an naass dobaussen. Den 12ten November hunn mir eng Versammlung dobaussen, ditt iech dofir waarm un an bréngt een Täschemesser mat. Den 19ten November besichen mir den Biobauerenhaff « Jeekelshaff » zu Péiteng. Mir treffen eis dofir um 14h00 ënnen um Bierg um « Parking ». Och des Versammlung dauert wei gewinnt bis 16h00. Falls dir nach zu iergend eppes zousätzlech Froen hutt kennt dir dem Alex (691 177 773) uruffen. Fier d’Avex : Hallo Avex, mir hun déi 2 nächst Samschdeger , den 12 an den 19 November normal Versammlung um Prënzebierg. Mir gesinn eis also allkéiers vun 14:00-16:00 Auer. Pour les CaraPio: Bienvenu à nos nouveaux membres! Apr¨s cette montée réussie, il ne faut pas tarder: nos prochaines réunions seront le 12 et 19 novembre de 14:00-16:00 au Prënzebierg. Réfléchissez pour trouver une idée pour notre prochaine entreprise et notre prochaine pièce de théâtre. RDV à noter: cette année le Iron Scout autour de Clervaux aura lieu du 21 (soir) au 23 (midi) avril 2017. De plus amples détails vous parviendront en temps utile. Fier d’ RaRo : Muer den Owend den 07. November gesinn mer eis um 20 Auer beim Micha doheem (32, J.B. Gillardin) fir déi lescht Saachen fir den „Péitenger fir 1 Dag“ ze preparéieren . Deen Event wäert dann den Samschden 12 November sinn. Den Samschden 19 November ass keng Versammlung. Fier d’Albatrossen: No gelongenem Montéesweekend steet déi nächst Aktivitéit am Kalenner. Den 12. November hëllefen mir den RaRo bei hirem Event um Prënzebierg. Sot einfach dem Christelle Bescheed (per FB oder SMS), ob mir iech fir deen Owend aplangen kennen. Mir treffen eis um 16.30 beim Péitenger Chalet. Bis dann! Fier d’Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter  Samschdes den 19. November gi mir Äscht schneiden, fir d’Adventskränz. Mir treffen eis um 8.30 Auer zu Péiteng beim ale Pompjeesbau. Be prepared a bréngt : E Secateur, waarmt Schaffgezai an Händsche mat. An der Woch vum 21. November schaffe mir vu Méindes bis Freides all Owend vun 19°° un um Bierg fir de Bazar.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top