Programm vun der Guilde: November – Dezember 2016

Ce n’est qu’un au revoir …

Den 30. August huet eis laangjäereg Member Adely Angel-Fischer eis am Alter vun 76 Joer, no laanger Krankheet a vill ze fréi, fir ëmmer verlooss.

Dem Emil drécke mir nodréiglech eist Bäileed aus.

Mir wäerten d´Adely a gudder Erënnerung behalen.

 

Sam. 5.11.:       Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

All Mataarbecht ass wëllkomm.

Sam. 12.11.:     Sortie an den Äischdall mat Mëttegiessen

Rendez-vous A: Bus 334 um 9:46h zu Péiteng ënnen an der rue de l´Hôtel de Ville.

Rendez-vous B: um 10:15h op der fréierer Gare zu Stengefort.

Rendez-vous C (fir Net-Wanderer): um 12:00h am Restaurant zu Eischen

Promenade apéritive laanscht d´Äisch bis op Äischen = 5,330 km

Mëttespaus um 12:00h zu Äischen am Restaurant „Gudde Maufel“, 8 rue de la Gare, Eischen

Menü: Velouté de pommes de terre luxembourgeois, Gefëllte Paschtéitchen Lëtzebuerger Traditioun, Fritten an Zalot

Präis: 25,00 € (ouni Dessert)

Dessert „à la carte“

Promenade digestive iwwert d‘Velospist zeréck op Stengefort = 4,140 km

Retourbus 334, Depart  Stengefort um 16:06h Arrivée Péiteng      um 16:29h

Umeldung an Info bis Mëttw. 09.11. um 12:00h um Tel. 50 21 03 (Peiffer) oder Mail guilde-petange@pt.lu

Mët. 16.11.:      Keelenowend um 20:00h am Café Müller zu Lampech

21. – 25.11.:       Schaffen am Chalet um Bierg [Org. Grupp]

Mir wickelen Adventskränz a bastelen aner Adventsdekoratiounen.

(D‘Kränz musse viraus bestallt ginn an gi virum 1. Adventssonnden heem geliwwert)

Sam. 3.12.:       Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

All Mataarbecht ass wëllkomm.

3. – 4.12.:          Niklosmaart virum Stadhaus [Org. SIP & Grupp],

wou mir eis Adventsdekoratiounen verkafen.

Sam. 10.12.:     Chrëschtveillée mat Träipeniessen

15:00h: Trëppeltour iwwer de Prënzebierg. Bei schlechtem Wieder: Gesellschaftsspiller am Chalet.

19:15h: Chrëschveillée, animéiert vum Renée.

20:00h: traditionellt Träipeniessen.

Umeldung: (op Wonsch vum Metzler) bis den 3.12. beim Martine Schlottert, Tel: 503271; GSM: 621 414 040; Mail: jschlott@pt.lu
Mon. 12.12.:     Comitéssitzung um 20:00h am Home

Don. 15.12.:      Keelenowend mat Agape um 19:00h am Café Müller zu Lampech.

Menü: Judd am Deeg, Saubounen, Speckgromperen, Dessert a Kaffi fir 22,00€

Umeldung: bis Méindes   12.12.   um 12:00h um Tel. 50 21 03 oder Mail guilde-petange@pt.lu

Neies vum Grupp Hl. Franz vun Assisi:

De laangjäerege Gruppechef Guy Zoller huet säin „Dirigentestaf“ weiderginn un d´Claire Dording. Hie geet eis awer net verluer; hei bleift aktive Member an der Guilde.

Mir wënschen dem Claire eng glécklech Hand bei senger neier Missioun a si bereet him mat Rot an Dot zur Säit ze stoen.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top