Infoziedel bis den 21. Januar

Fir Iech alleguer :

Leschten Rappel fier Cotisatiounen

E puer Leit hun d’Cotisatioun nach net bezuelt. Macht daat w.e.g elo, well et muss een d’Cotisatioun bezuele fir kenne Member bei eis ze sin! Iwerweist w.e.g 15 Euro fir daat eelst Kand an 12 Euro fir déi aner Kanner op eise Konto : LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi, BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mam Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.

Infoziedel

Wann dier desen Infoziedel net mei an Pabeierform vun der Post wellt kreien as daat keen Problem, mailt mer einfach op claire.dording@gmail.com oder soot mer per Telefon (621683999) no 18h Bescheed , dann kritt dier den Ziedel per Email gescheckt. Et besteet natierlech och emmer nach Meiglechkeet den Ziedel op eisen Site www.lgspeiteng.lu ze liesen, wou en och op Franzeisch iwersaat get.

Fir d’Biber :

Den 14. an den 21 Januar hun mier wie gewinnt Versammlung vun 14:00 bis 16:00 um Prenzenbierg. Gespaant waat daat nait Thema ass ?? Dann kommt an Versammlung, do gitt der et gewuer ;).

Bis dann, äer Chef freen sech op en nait Scoutsjoer zesummen mat ierch.

Fier d’Wellef :

Di nächst Versammlungen sin den 14. an den 21 Januar vun 14:00 bis 16:00 um Prenzebierg. Mier kennen nemmen souvill verroden: et waarden vill flott Versammlungen am naien Joer op ierch…

Fier d’Avex :

Salut AvEx, dei zwee nächst Samsdescher, den 14.01 an den 21.01, hunn mer normal Versammlung vun 14:00-16:00 Auer. Falls nach een op den grousse Camp GoUrban am Summer well matgoen, muss en speitstens den 14.01, den Umelldungsziedel an der Versammlung ofginn. Dono ass et leider ze speit.

Fier d’Carapio :

E Samschden 14. Januar treffe mer eis um 9:00 zu Péiteng an der Kierch fir d’Krëppchen of ze riichten. Dat dauert warscheinlech 2 Stonnen. Nomëttes gesi mer eis vu 14:00-16:00 um Prënzebierg fir de Skript vum Theaterstéck ze schreiwen.

E Samschden 21. Januar ass Versammlung vu 14:00-16:00 um Prënzebierg.

Vum 21. bis den 23. Abrëll ass den 10. Iron Scout ronderëm Klierf. Dëst ass eng Wanderung bei deer mir bis zu 65km a 24 Stonnen trëppelen. All Detailer stinn op http://news.lgs.lu/2016/11/02/6_iron-scout-2017/, wat elo schonn zielt ass d’Umeldung: iwwerweist 30€ op eise Konto bis zum 18. Januar mam Vermierk “Iron Scout + Numm vum Kand”.

De 14. Mee ass d’JoCaPi zu Bartreng. Dëst ass e Rally fir CaraPio aus dem ganze Land wou si géinteneen untrieden fir hir Scoutstechniken an hirt Wëssen mat anere Gruppen ze moossen. All Detailer stinn op http://news.lgs.lu/2016/11/18/6_jocapi-2017-zu-bartreng/, wat elo schonn zielt ass d’Umeldung: iwwerweist 13€ op eise Konto bis den 18. Januar mam Vermierk “JoCaPi + Numm vum Kand”.

Dir kënnt och déi zwee Virementen beienee maachen, mam Vermierk “Iron Scout + JoCaPi + Numm vum Kand”. Eise Konto:

LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi,

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

Fier d’RaRo :   Wei der matkritt hudd, ass dese Samsden den 14 Januar  eist Wantergrillen. Sidd doweinst um 16 h um Prënzebierg fier dass mier alles prepareieren kennen. Mier brauchen och Lait fier den aaneren Daach moies rem ze raumen; jo dier kennt do och schloofen J. Den Samsden den 21. Januar hun mier normal Versammlung wou mier den Plang vum Joer maachen.

Fier d’Albatrossen:

Eis nächst Versammlung as den Freiden 13. Januar um 19:00 Auer um Prenzenbierg. Brengt alleguer e puer Ideen mat waat mer nach kennen fier 2017 ennerhuelen.

Fier d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Fir op de Kalenner: Hei d’Pabeiersammlungen fir daat ganzt Joer 2017: 11.02 ; 11.03; 8.04; 13.05; 10.06; 8.07; 5.08; 9. 09; 7.10; 4.11; 9.12; .

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top