Programm vun der Guilde: Mäerz – Abrël 2018

Fr./Sam. 2./3.3.: Scoutstheater am Home. [Org. Grupp]

Rido: 19:30h.
Et gëtt gespillt:
 – Biber: Mario & Peter, e ganz neit Abenteuer
– Wëllefcher: Grouss Klassiker
– AvEx: Am Restaurant
– CaraPio: Scouten a fräier Wildnis
– Chefequipe Mord aus Versinn ,
Reservatioun: um 621 814 883 (no 18:00h)
Wann Dir eis wëlt ënnerstëtzen da kommt kucken an/oder stëft eppes fir an d’Tombola, déi vun der Guilde organiséiert gëtt.

Merci am viraus.

Sam. 10.3.: Pabeiersammlung (Org. Grupp)
Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.

Sonn. 11.3.: Soutresistenzdag (Org. LS an der Resistenz)
10:15h: Mass an der Grenzer Kierch,
11:15h: Generalversammlung mat engem Patt,
13:00h: Mëttegiessen am Restaurant „Résidence LAVAL“, place de la Jeunesse sacrifiée.
Menü fir 24,75 € (ouni Gedrénks)
Umeldung um Tel. 59 35 67 oder 691 510 549 (Duhr E.)

Dën. 20.3.: Keelenowend zu Lampech am Café Müller.
Uspill um 20:00h.

Sam. 24.3.: Sortie op Atert – Kolpech
Rendez-vous 1: Péiteng, hannert „Rousen“ um 9:15h
Rendez-vous 2: Attert, Gemeng um 10:00h
Zu Fouss iwwer Grendel op Uewerkolpech (± 6 km)
Mëttegiessen am „Café du Château“ (fréier „Ensch“) zu Uewerkolpech.

Et gëtt normale Lëtzebuerger Kascht. Präis tëscht 15.- an 20.- €

Nom Iessen ass eng „Promenade digestive“ duerch de Kolpecher Park
Retour op Atert mat Autoen.

Sam. 7.4.: Pabeiersammlung (Org. Grupp)
Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.

Mon. 9.4.: Comité, um 20h00 am Home

Sam. 14.4.: Sortie op Klengbetten – Mamer
Rendez-vous 1: Péiteng/Gare. Mam Bus 334 op Klengbetten, dep. 8:45h,
Rendez-vous 2: Klengbetten/Gare um 9:10h.
Zu Fouss iwwer Garnech, Holzem op Mamer = 10,2 km. Gréisstendeels iwwer Velospiste.
Rendez-vous 3: um 12:00h zu Mamer am Restaurant „La Croccante“, 2, rue de Dippach fir d’Mëttegiessen. Parking vis-à-vis.

Menü „à la carte“

Duerno mat enger Navette op Stengefort/Quai a Klengbetten/Gare. Mam Bus 334 zeréck op Péiteng
Umeldung bis den 11.04. um 12:00h beim Roby Guirsch,
Tel. an SMS 691 300 295 oder Mail guirschrob@gmail.com

Don. 19.4.: Keelenowend zu Lampech am Café Müller.
Uspill um 20:00h.

De Comité vun der Guilde vun de fréiere Guiden a Scoute vu Péiteng huet d’Éier Iech op hir statutaresch Generalversammlung  z’invitéieren, e

Samschdeg, 21. Abrël 2018 um 19:00 Auer
am Chalet um Prënzebierg

Ordre du jour:
1. Usprooch vum President
2. Aktivitéitsrapport vun der Sekretärin
3. Keessrapport vum Trésorier
4. Rapport vun de Keess-Kontroller
5. Zoustëmmung vun de Rapporten an Décharge vum Comité
6. Wale fir de Comité a Confirmatioun vun de Keesskontroller
Austriedend an erëmwielbar sinn: Scherer Georges, Schlottert
Martine
Well nach Plazen am Comité vakant sinn, gi Kandidature vum
President entgéintgeholl.
7. Festleeë vun der Cotisatioun 2019
8. Aktivéitsrapport vun der Gruppecheftaine
9. Aktivitéite vun der FLGS (Fréier Lëtzebuerger Guiden a Scouten)
10. Zoukënfteg Aktivitéiten
11. Divers
12. Agape (Pastasciutta entweder mat Fleeschzooss oder Zooss ouni
Fleesch)
Präis. 6.-€, ouni Gedrénks
Umeldung bis Méindes, 16.04. um 12:00h
beim Martine Schlottert, Tel. 50 32 71 oder Mail jschlott@pt.lu
Persounen, déi Problemer hu fir op de Prënzebierg ze kommen, sollen dat bei der Umeldung uginn. Hinne ka gehollef ginn.

Fir an den Agenda:
Keelenowent 2018: 13.6.
Pabeiersammlungen 2018: 5.5. – 2.6. – 7.7. – 11.8. – 15.9. – 13.10. – 10.11. – 8.12.
Grill-Party um Kuelbecher-Haff: 29.07.2018

Objet trouvé: Am Baueremusée zu Peppeng gouf den 14.01. en Objektiv vun engem Canon-Fotoapparat fonnt.. De Propriétaire soll sech mellen um Tel. 51 69 99 oder beim Georges Scherer.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top