Infoziedel Mäerz 2018

Fir Iech alleguer :

En groussen Merci fir alleguerten déi um Theater matgeschafft . Et war en vollen Erfolleg.  Alleguerten eis kleng a grouss Acteuren hunn hir Saach super gemaach .

Fir d’Biber :

Di 2 nächst  Samschdeger den 17. Mäerz an de 24. Mäerz  hu mer normal Versammlung vun 14:00-16:00 Auer um Prënzebierg..

Fir d’Wellef :

Dir léif Wëllefcher des an di nächst Woch sinn zwou speziell Versammlungen allkeiers vun 14:00 bis 16:00 Auer um Prënzebierg. Den 17. Mäerz hunn mir eng grouss Versammlung mat den Bibber zesummen an den 24. Mäerz ass eng Versammlung mam ganzen Grupp wou mir op eng Eeër-sich ginn. Dir kennt also gespaant sinn. 

Fir d’Avex :

Salut AvEx, Samschdes de 17.03, ass Versammlung vu 14:00-16:00, mir fänken dann och endlech mat eisem Projet « Seefekescht » un. Samschdes de  24.03 vu 14:00-16:00 hunn mer eng Ouschter-Versammlung, déi eis Carapio organiséiert hunn.

Fir d’Carapio :

Versammlungen

De 17.3. gesi mer eis vu 14:00-16:00 um Prënzebierg. Mir bereeden den Ouschterrally fir déi aner Branche vir a molen Ouschtereeër. Matbrénge: Schlappe fir am Chalet, 6 réi Eeër (am beschte mat heller Schuel). De 24.3. ass den Ouschterrally fir di aner Branchen um Prënzebierg. RDV ass schonn um 13:00 fir déi leschte Präparatiounen. De Rally soll um 16:00 fäerdeg sinn. De 7.4. hëllefe mer bei der Pabeiersammlung. RDV um 8:30 op der Léngerstrooss. Sidd pünktlech fir dass mer d’Ekippe maache kënnen. Iwwerleet iech e puer Destinatioune wou der fir eis nächst Entreprise HIKE wëllt hi goen, a wéi der wëllt dohi kommen (Zuch, Bus).

JoCaPi

D’Journée CaraPio ass, fir déi déi ugemellt sinn, de 25. Mäerz. Mir maachen eng Ekipp mat eise Frënn vun de Kärjenger CaraPio. RDV an Uniform ass um 7:30 zu Péiteng op der Gare. De Retour ass virgesi fir 18:43. Matbréngen: Schülerkaart fir den Zuch, déck Schong, Kleeder dem Wieder no, eng Gamelle, Besteck, e Becher, e Bidon, en Täschemesser, e Bic.

Iron Scout

Mir trëppelen bannent 24 Stonne fir de gudden Zweck bis zu 65km ronderëm de Stau. Rendez-vous fir déi wou ugemellt sinn, an Uniform, ass Freides den 13. Abrëll um 17:45 zu Péiteng op der Gare. Schluss ass Sonndes am spéide moien, de Retour zu Péiteng op der Gare ass um 13:13. Mathuelen (ënnert anerem): Carrymatt, Schlofsak, Schlappen, 1 Rouleau Toilettepabeier, Medikamenter, Wäschsaachen, Gamelle (mat Besteck a Becher), Picnic fir Freides Owes, 1 Kichenduch, groussen a klenge Rucksak, Täscheluucht, Warnwest, Bidon, gutt Wanderschung, eng ausgefëllte Fiche médicale F09 (lgspeiteng.lu/doc), an e prall gefëlltent Sponsoreblat (http://lgspeiteng.lu/8274).

Fir d’RaRo : 

Den 17.03 an den 24.03 hunn mir wéi gewinnt Versammlung vun 16-18h um Bierg. Denkt och drun ären 1. Acompte fir de Camping bis de 16.03 ze bezuelen.  

Fir d’Albatrossen:

Reminder : bis de 16.03 muss den 1. Acompte fir de Camping iwwerwise ginn. Dann hunn mir den 19-20 Mee Albatrossen- a RaRo-Weekend um Neihaischen wann de Bealtaine as. Mellt Iech beim Kim Staudt un , a sot him Bescheed a weiengem Beräich dat der schaffe wëllt. Di nächst Versammlung ass de 14.04 um 19 Auer um Bierg.

 Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschden 7 Abrëll ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h op der Lengerstroos. Elo schonns Merci fir Deng Hëllef.

 

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top