Infoziedel Abrëll 2018

Fir d’Biber :

Mer maachen eng Rees ronderëm d’Welt an nëmme 4 Versammlungen. Dofir kommt scho mol den 21.04 vu 14:00 bis 16:00 h op de Prënzebierg fir di 1. Etapp vun eiser Rees ze entdecken. Den 28.04 besiche mir en anere Kontinent, an dir wëllt wësse wéieen? Ma da kommt vun 14 bis 15:30h!  op de Prënzebierg!

Fir op de Kalenner: Den 12.06 maache mir eng Sortie op de Gaalgebierg op Esch. D’Infoe kommen am nächste Bréif no , mee mellt dech elo scho beim Anna um 621 75 43 60 ,un oder respektiv of.

De 26.05 maache mir een Ausfluch an de Beetebuerger Park an do sollt dir Iech och sou schnell wie méiglech beim Anna umellen.

Fir d’Wëllef :

Dir léif Wëllefcher, de Samschden 21. Abrëll ass eng ganz klassesch Versammlung vu 14h00 bis 16h00 um Prënzenbierg. Et soll waarm ginn, a mir wäerten dobausse sinn d.h. ditt Iech entspriechend un (Kaap, Sonnecrème). Dofir hunn mir awer déi Woch dono eppes méi Grousses fir: Den 28-29 Abrëll hunn mir ee Weekend zu Beggen. Hei sinn d’genau Detailer zum WE:

De WE kascht 30 € op de Kapp, an en as am Home St Christophe zu Beggen (224 Rue Des Sept Arpents L- 1149 Luxembourg). En geet Samschdes den 28 Abrëll moies um 10h30 un an dauert bis Sonndes den 29. Abrëll um 16h00. Umelle kennt dir iech beim Alex um 691 177 773 . Am beschte wär et a Fahrgemeinschaften dohinner ze fueren, sot also Bescheed ob dir selwer kennt fueren oder net.  Mathuelen: Täscheluucht, Täschemesser, Wäschsaachen, Pyjama, frësch Ënnerwäsch, Gezei fir all Wieder (mir wäerten vill dobausse sinn, also och eppes géint de Reen ), Schlofsak, déck Schong, Schlappen, déi ausgefëllte Fiche Médicale (dir fannt d’Fiche Médicale op: www.lgspeiteng.lu/doc ) a perséinlech Medikamenter. Verpaakt alles an engem Rucksak. Dir braucht näischt fir z’iesse matzebréngen.

D’Wëllefchercheféquipp hofft daat dir all eng schéi Vakanz hat:)

Fir d’Avex :

Salut AvEx, déi zwee nächst Samschdeger, den 21.04 an den 28.04, hunn mer normal Versammlung vu 14:00-16:00. Eis nei Expeditioun heescht „Seefekescht bauen“!

Fir op de Kalenner: vum 11.-13. Mee hunn mer e Weekend zesumme mat de Käerjenger an Déifferdenger AvEx, fir eis virum Camp kennen ze leieren. Mellt iech sou séier wei méiglech, per SMS beim Fredi un (621 472 510).  Detailer kommen am nächste Bréif no.

Fir d’Carapio :

De Samschden 21. Abrëll gesi mer eis vu 14-16 Auer um Bierg. Bis dohi sicht iech eraus wat der alles zu Tallinn wëllt gesinn an ënnerhuelen. Sicht och no Weeër déi mer kënnen an eiser Entreprise „Hike“ wanderen. Déi éischt Wanderung starte mer Samschdes den 28. Abrëll. Den Départ ass um 14 Auer zu Péiteng a mer versichen eis en Tuer vu 4 Stonnen eraus ze sichen. Wouhin et eis verschléit ass iech iwwerlooss!

Fir d’RaRo : 

Den 21 Abrëll an den 28 Abrëll hunn mir Versammlung um Prënzebierg as usual.

Fir d’Albatrossen:

D‘ Guilde huet den 21. Abrëll hier Generalversammlung um Prënzebierg, an d‘ Albatrosse sinn do häerzlech agelueden. Denkt drun Iech bis den 18 Abrëll beim Martine Schlottert unzemellen (GSM: 621 414 040, Mail: jschlott@pt.lu).

 Fir d’Chef:

Den Dënschden 17 Abrëll ass Grupperoot. Rdv wie ëmmer um 20h am Avexsall. 

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top