PROGRAMM VUN DER GUILDE: MÄERZ 2019

Frei. 1.03. + Sam. 2.03.: Theater vum Grupp am Home.

Rido um 19:30h (Org. Grupp)

Reservatiounen all Dag no 18:00h um GSM 621 814 883 (Elsen)

D’Guilde bekëmmert sech ëm d’Tombola a wier frou Gewënner gestëft ze kréien, déi d’Martine Schlottert-Didier gären an der Parkstrooss, 12, entgéint hëlt.

Sam. 9.03: Buergbrennen. (Org. Grupp)

De Fakelzuch geet um 18.30h ënne beim Wee fort an d’Buerg gëtt géint 19:00h ugefaang.

Jiddereen dee beim Opriichten hëlleft, kritt och virum Fakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner brauchen sech keng Suergen ze maachen, de Grill steet schonns prett.

Mon. 11.03.: Comité. Um 20:00h am Home

Sam. 16.03: Pabeiersammlung (Org. Grupp)

Rendez-vous um 8:30h um fréiere Site « Eucosider ». All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.

Son. 17.03.: Scoutsresistenzdag zu Esch/Grenz (Org.: Lëtzebuerger Scouten an der Resistenz)

10:30h Mass an der Grenzer Kierch, Duerno Generalversammlung vun « LS an der Resistenz » am Wëllefcherssall ënnert der Kierch. 13:00h Mëttegiessen am Resto « Le Parc Laval » bei der Badanstalt. Umeldung bei Duhr Emil, tel. 59 35 67

Son. 17.03.: Hierkeniessen um 12:30h am Chalet um Bierg

Nomëttes ass eng « Promenade digestive » iwwer de Bierg.

Umeldung bis den 10.03. beim Martine Tel. 50 32 71 ; GSM 621 414 040 ; Mail didier.martine@education.lu

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top