Frei. 1.03. + Sam. 2.03.: Theater vum Grupp am Home.
Rido um 19:30h (Org. Grupp)
Reservatiounen all Dag no 18:00h um GSM 621 814 883 (Elsen)
D’Guilde bekëmmert sech ëm d’Tombola a wier frou Gewënner gestëft ze kréien, déi d’Martine Schlottert-Didier gären an der Parkstrooss, 12, entgéint hëlt.
Sam. 9.03: Buergbrennen. (Org. Grupp)
De Fakelzuch geet um 18.30h ënne beim Wee fort an d’Buerg gëtt géint 19:00h ugefaang.
Jiddereen dee beim Opriichten hëlleft, kritt och virum Fakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner brauchen sech keng Suergen ze maachen, de Grill steet schonns prett.
Mon. 11.03.: Comité. Um 20:00h am Home
Sam. 16.03: Pabeiersammlung (Org. Grupp)
Rendez-vous um 8:30h um fréiere Site “Eucosider”. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.
Son. 17.03.: Scoutsresistenzdag zu Esch/Grenz (Org.: Lëtzebuerger Scouten an der Resistenz)
10:30h Mass an der Grenzer Kierch, Duerno Generalversammlung vun “LS an der Resistenz” am Wëllefcherssall ënnert der Kierch. 13:00h Mëttegiessen am Resto “Le Parc Laval” bei der Badanstalt. Umeldung bei Duhr Emil, tel. 59 35 67
Son. 17.03.: Hierkeniessen um 12:30h am Chalet um Bierg
Nomëttes ass eng “Promenade digestive” iwwer de Bierg.
Umeldung bis den 10.03. beim Martine Tel. 50 32 71 ; GSM 621 414 040 ; Mail didier.martine@education.lu