Programm vun der Guilde: Juli – August 2019

Ce n’est qu’un au revoir
Den 20. Mee 2019 ass eise Member
Fernand Spies am Alter vun
86 Joer vun eis gang
an den
31. Mee 2019 huet eis Member Irène Heyart-Walin
eis am Alter vun 80 Joer fir ëmmer verloss.
Allen zwee hunn si aktiv bei eiser Lepra-Aktioun matgehollef.
Mir wärten si a gudder Erënnerung behalen.
Dem Gilberte Spies-Meyer an der Famill Heyart drécke mir nodréiglech eist
Bäilled aus.

Sam. 06.07.: Pabeiersammlung
Rendez-vous um 8:30h um fréiere Site Eucosider. All Hëllef ass wëllkomm.

Mon. 12.08.: Comité
Um 20:00h am Home

Sam. 03.08.: Pabeiersammlung
Mir treffen eis um 8:30h um fréiere Site Eucosider.

Sam. 10.08.: Treppeltour op Käerch
Trëppeltour vun ong. 7 km duerch den Härebesch zu Käerch.
De Samschden 10. August treffen mir eis :
1. Rdv um 13:30h zu Péiteng hannert « Rousen »
2. Rdv um 14:00h zu Käerch um Parking bei der Gemeng

Son. 14.07. : Grillfest um Kuelbecherhaff
Rendez-vous um Haff vun 11 :00 Auer un. Um Menü ass Fierkel um Spies mat Gromperen. Präis : +/- 20 €
E Grill fir déi, déi keen Fierkel iessen ass op der Plaz. Eppes fir op den Grill muss een sech selwer matbrengen.
Jidereen soll sech sein Gedrenks selwer matbrengen. Geméiszaloten an Desser brengen Memberen vum Comité mat.
« Promenade digestive » nom Iessen.
Wien Loscht huet, kann mam Fernand Glod mam Velo op den Haff fueren. Dir kennt iech fir Détailler bei him mellen um 691 507 737.

Zesummesetzung vum Comité fir nächst Joer
Eirepresident : BROSIUS Norbert
President : SCHERER Georges
Vize-President : MARTIN Arnold
Sekretärin : SCHLOTTERT Martine
Sekretärin adjointe : MASUTTI Christelle
Trésorier : FELTEN Alex
Memberen: QUINTUS Marco,
GUIRSCH Robert,
LIPPERT Fritz,
GLOD Marianne

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top