Theater 2020

De 6. an 7. Mäerz spille mir Theater zu Péiteng am Home St.Hubert. Riddo ass um 19:30. Fir unzefänke spillt all Branche e kuerzt Stéck. D’Cheféquipe spillt Kuddel Muddel, e lëschtegen Dräi-Akter vum Josy Christen.

De Präis ass 10€ fir Erwuessener a 5€ fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspille mussen natierlech näischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sinn och gratis. Reservéiert hinnen awer eng Plaz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet.

Dir kennt Är Plaze vun elo un, um 621 814 883 reservéieren. Rufft w.e.g. eréischt no 18:00 Auer un! 

2 réflexions sur “Theater 2020”

  1. Ping : Infoziedel fir Buergbrennen an Theater 2020 | LGS Péiteng

  2. Ping : Fotoen: Theater 2020 (Kuddel-Muddel) | LGS Péiteng

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top