Summer Camp

Fir iech alleguer

Dëst ass de läschten Ziedel fir dest Scoutsjoer.
Ech wenschen Iech alleguer e flotte Camp, eng schéi Vakanz an haalt Iech gesond.

Fir d’Biber

Eis läscht Versammlung fir dëst Scoutsjoer ass den 11 Juli vu 14-16h um Prënzebierg.

Fir d’Wëllefcher

Dëst Scoutsjoer ass scho bal eriwwer , mir hunn just nach den 11 Juli eng Versammlung um Prënzebierg vun 14-16H.  Duerno geet et scho gläich op de Summercamp! Denkt drun iech bis den 13 Juli dofir unzemellen beim Alex (691 177 773).

Mir gi vum 18 bis den 21 Juli op de Summercamp um Kuelbecherhaff zu Miersch (rue de Mersch
7000 Hollenfels) en Accés bei de Chalet ass via den CR113 / rue de Mersch, (biergop beim Busarrêt) dann iwwer de Site vun der Convis Ziichterei. Léif Eltere, bréngt w.e.g  d‘Kanner den Samschden 18 Juli fir 14h dohin. Am beschte wier et wann e puer Elteren och nach aner Kanner kéinte bréngen/mathuelen. #Fuergemeinschaften

Mathuele musst dir ob de Camping ee grousse Rucksak mat:

  • Kleeder fir waarmt, kaalt, an/ oder naasst Wieder
  • frësch Ënnerwäsch fir all Daach,
  • eng fett Fleecejackett, K-way + Box
  • Schlofsak,
  • Wäschsaachen, Buedduch, Schwammsaachen, (Äermercher fir déi déi sech nach bësse méi onsécher am Waasser fillen), Wasserschlappen,
  • Lieblingsteddy an all aner Saachen déi dir braucht fir gutt ze schlofen,
  • Pyjama, Kappkëssen
  • klengeRucksak
  • Täscheluucht an Täschemesser,
  • Foulard (fir déi déi schonn een hunn) 
  • Bidon,
  • Kap oder Sonnenhutt,
  • Sonnecrème an Insektenspray,
  • Schlappe fir am Haus
  • fest Biergschong fir dobaussen.
  • An 2 Spulldicher… ja nerveg mee muss och gemaach ginn.
  • speziell fir dëst Joer och min 1. Mask/Buff
  • Kopie vun der Impfkaart , carte sociale an carte d’identité
  • ausgefëllten Fiche médicale (ze fannen um site lgspeiteng.lu/doc) an perséinlech Medikamenter

Et ass wichteg dass all är Saache mat ärem Numm gezeechent sinn! Net matbréngen: Wäertsaachen, Handy, Täschegeld a Séissegkeeten.

Enn vum Camping:  Dënschdes 21. Juli um 15hoo.  Mir invitéieren dofir all d’Elteren hier Kanner erëm sichen ze kommen.

De Camping kascht 100€ fir dat éischt Kand an 80€ fir dat 2te Kand. Falls Froen oder Schwieregkeete besti kennt dir gäre beim Alex (691 177 773) nofroe.

Fir d’Avex

Samschdes, den 11.07, hunn mir eis läscht Versammlung fir dëst Joer, vun 14:00-16:00 um Prënzebierg.

Camp-Infoen:

Start: Bréngt w.e.g. äert Kand fir Freides, den 17. Juli fir 10:00 Auer op den Kuelbecher Haff (Haus Rasmussen, rue de Mersch, L-7435, Hollenfels), en Accès bei de Chalet ass via de CR113 / rue de Mersch, (biergop beim Busarrêt) dann iwwer de Site vun der Convis Ziichterei.. Dot w.e.g är Uniform an äre Foulard un wann der kommt! 

Schluss: Donneschdes, 23. Juli, dir kennt  äert Kand fir 15:00 Auer op de Kuelbecher Haff nees sichen kommen.
De Prais vum Camp ass 100€.

 Matzebréngen den Dag vum Camp:
– Fiche médicale, déi ausgefëllt ass (fannt der op lgspeiteng.lu/doc)
– de Präis vum Camp
– Dateschutzerklärung vun de Käerjenger Guiden a Scouten, dir kritt déi per Mail vum Fredi geschéckt. Schéckt dofir dem Fredi iech E-mails Adress w.e.g. per SMS.
Weider Infoen: Nummere wou der d’Chef um Camp areeche kennt: Fredi 621 47 25 10 / Fränz 691 94 24 84 W.E.G. just wärend den Iesszäiten uruffen an och just wann et wichteg ass.

Materiallëscht:
WICHTEG: Markéiert är Saache virun allem d’Gamelle an d’Besteck, vill Leit hunn dat selwecht!
– Ënnerwäsch a Strëmp fir all Dag ze wiesselen
– Wanderschong (Am Beschten undoe fir dohin)
– Uniform + Foulard (Hu mir un wann mir ukommen)
– Normal Schong oder Turnschlappen
– Gezei fir all Wieder
– Sonnekap oder –hutt, Sonnecrème, Anti-Moustique Spray
– Wäschsaachen
– 3 Kichendicher
– Carrymatt a Schlofsak
– K-Way/Reenjackett
– Schwammsaachen
– Bidon (keen ze klengen), Becher a Gamelle mat Besteck
– Täscheluucht an Täschemesser
– AvEx Pass, wann der een hutt, Bic a Block
– klenge Rucksak
– Medikamenter falls der gebraucht ginn
– Waasserschlappen oder al Schong déi kennen naass ginn
– Perséinleches z.B eng Mask/Buff
– Oueren-stepp falls ee Problemer mat Geschnarchs huet
Wäertsaachen (z. B. Handy) a Séissegkeete sollen doheem bleiwen! Falls nach Infoen derbäi kommen, kritt dir déi per Mail vum Fredi. Mir wäerten eis um Camp un d’Hygiènesvirschrëfte vum Verband, vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, halen. Dir kennt déi op lgs.lu/summer2020 noliesen.

Fir d’Carapio

Mir hunn eis läschte Versammlung fir dëst Scoutsjoer den 11. Juli vu 14-16h um Prënzebierg. Vergiesst äeren Helm net. Kuckt och bei „Fir d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Chef a Mataarbechter“.

Fir d’RaRo an d’Albatrossen

Fir déi di interesséiert sinn : Mir hunn den 7 Juli eng Versammlung um 20h beim Christelle doheem fir e méigleche RaRo-Alba Camp ze plangen. De RaRo hier läscht Versammlung ass dann den 11 Juli um Prënzebierg. Kuckt och bei „Fir d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Chef a Mataarbechter“.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter

Pabeiersammlung:

Wëll eng méiglech 2. Corona-Well gefaart gëtt , huet d’Gemeng decidéiert dat si d’Pabeiersammlung bis den Oktober wäerten iwwerhuelen.  Di éischt Pabeiersammlung, déi mir wäerte maachen ass also den 10. Oktober.

Schaff-WE:

Wärend der Summervakanz hu mer elo genuch Zäit fir eis Fréijoersbotz ronderëm de Chalet nozehuelen.  Duerfir maache mer de Weekend vum 8-9 August e puer noutwendeg Maintenance-Aarbechten um Bierg, raumen eis Garage an kucken eis Zelter no. De Weekend fänkt  um 14h un an geet bis Sonndes nomëttes. 

Mëllt Iech w.e.g. bis den 3.08 beim Claire (621 68 39 99) un fir dat mer d’Iessen plange kennen. Matbréngen: Motivatioun, Schaffhändschen a Schlofsak fir am Chalet ze pennen.

Fir d’Chef

Den nächste Grupperot ass de 14. September 2020 um 20:00 um Bierg.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top