Scoutsziedel bis den 27. Juni

Fir all d’Wellefcher:
Léif Wëllef: Mir hun déi 2 nächst Samschdeger den den 20. an den 27. Juni all Kéiers vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg .
Mellt iech w.e.g. fir den Wellefchersrally (5 Juli) an fir den Camp (Samschdes den 18. Juli bis Samschdes den 25. Juli) beim Claude um 621294348 un. Den Camp kascht 140 Euro (wann méi Kanner aus der Famill mat eisem Grupp op de Camp gin, dann bezillt den eelsten de volle Preis, déi aner bezuelen 20 Euro manner)
Claire, Alex,Lena an Claude
Fir all d’AvEx:
Salutti, e Samschden den 20. Juni ass keng Versammlung. Mir gin Sonndes den 21. Juni op den Absurdcup op Woltz. (Déi wou sech nach net ugemellt hun an awer welle matgoen sollen daat ELO machen. Départ : Mir treffen eis an Uniform (ween eng huet)  a mat Foulard um 8°° Auer zu Péiteng op der Gare. (Den Zuch fiert um 8 :10 Auer.) Fir den Zuchticket : Bis 12 Joer braucht dir keen Ticket, Déi aner brauchen  eng Jumbokaart oder een Kuerzstreckebilljet. Mathuelen : 5 Euro Startgeld ( am Präis inclus : 1 Softdrink), gudd Laun, aer Schwammsaachen, Handduch, Sonnecreme, Bidon mat Waasser, AvExpass, eppes fier op de Kapp an aalt Gezei. Picknick net vergiessen.
Retour :Mir sin erem um 18 :50 Auer zu Péiteng op der Gare.
Samschdes den 27. Juni hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Mellt iech w.e.g fir den Summercamp ( Samschdes den 18. Juli bis Sonndes den 25. Juli) beim Guy um 691435358 (no 17°°Auer) un. Den Camp ass zu Holzheim an der Belsch. Mir organiséieren den Transport, d’Elteren brauchen iech NET ze féieren. Den Camp kascht 150 Euro ((wann méi Kanner aus der Famill mat eisem Grupp op de Camp gin, dann bezillt den eelsten de volle Preis, déi aner bezuelen 20 Euro manner)
Annik,Gilles,Charel, Mandy, Guy, Sven an Fredy
Fir all CaraPio:
Salut alleguer, wéi ugekennegt ass eise Virbereedungs W.E fir de Camp vum 20-21 Juni. Ween sech nach net ugemellt huet, soll daat elo machen! Hei dem Lukas seng Handysnummer 661620846. Mir treffen eis e Samschden de moien um 9°° zou Diddeleng beim Kreesverkéier an der Route de  Zouftgen.bei den Koordinaten: 49° 28.760’N; 6° 6.000’E
Mabrengen: 7 Euro, déi ausgefëllten Fiche médicale (am Anhang), Picknick fir Samschdes Mëttes, Schlofsack, Gamelle an alles waat eng Guide oder e Scout esou fir e W.E brauch. De W.E ass Sonndes den 21. Juni um 17°° eriwer och zu Diddeleng beim Kreesverkéier an der Route de  Zouftgen.
Samschdes den 27. Juni hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. P.S halt iech elo schons Sonndes den 5. Juli frei => Détailer kommen am nächsten Ziedel.
Lukas,Yannick , Mich an Béa
Fir all d’RaRo:
Mir hun déi 2 nächst Samschdeger den 20. an den 27. Juni all Kéiers vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg.
Mym.Joel, David an Lex

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top