Scoutsziedel bis den 11. Juli

Fir all d’Wellefcher:
Léif Wëllef: Mir hun den 4.Juli keng Versammlung.
Sonndes den 5. Juli gi mir op den Wëllefchersrally. Départ : Mir treffen eis an Uniform (ween eng huet)  a mat Foulard um 8°° Auer zu Péiteng op der Gare. (Den Zuch fiert um 8 :10 Auer.) Mathuelen : 15 Euro, gudd Laun, Sonnecreme, Bidon mat Waasser, , eppes fier op de Kapp an aalt Gezei. Picknick net vergiessen. Retour :Mir sin erem um 18 :50 Auer zu Péiteng op der Gare.
Samschdes den 11 Juli hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Kuerz fir um Camp kennt nach een extraen Campziedel!
Claire, Alex,Lena an Claude

Fir all d’AvEx:
Mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 4. an den 11. Juli all Kéiers vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Kuerz fir um Camp kennt nach een extraen Campziedel!
Annik,Gilles,Charel, Mandy, Guy, Sven an Fredy

Fir all CaraPio:
Samschdes, den 4. Juli ass keng Versammlung, well mir Sonndes den 5. Juli den ganzen Daag zou Beetebuerg am Flegeheem am Asaatz sin. Lies och bei: Fir all d’CaraPio, d’Rover d’Matarbechter an d’Cheféquipe.
E Samschden den 11 Juli machen mir zesummen mat der Forstverwaltung  eng Bonne Aktioun um giele Botter. Wéi dir wësst, wiesst um Giele Botter e ganze Koup Riesekléi den net dohi gehéiert  an den muss erausgerappt gin, duefir treffen mir eis mat Schaffhändschen um 9h00 zu Nidderkuer beim Waasserbehälter, an der rue de l’Eglise. Vun doaus gi mir mam Fieschter (Josy Cungs) zesummen op « d’Kléiplatz ». Fir Iessen an Drenken ass gesuergt. Mir wessen nach net bis wifill Auer déi ganz Aktioun dauert, daat hängt besse vum Wieder of. Vun der Plaatz aus ass et nët ganz weit bis bei de Chalet .
Fir all déi wou mat op de Camp gin: Iwerweist w.e.g den läschten Deel, daat sin 150 € op den Compte vun den Péitenger Guiden a Scouten mat ärem Numm a mam Vermierk CaraPio Camp. BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000. Fir verschiddener vun Iech schingt daat e bessen ze schwéier ze sin fir all Kéier wann et um Ziedel steet, déi Somme ze iwerweisen wou do steet. Nët schlëmm awer: Wichteg ass, dass dir am ganzen 350 Euro iwerwisen hutt  an daat elo ganz séier. MERCI!. Kuerz fir um Camp kritt dir eng Mail vum Lukas mat den läschten Camp-Détailer.
Lukas,Yannick , Mich an Béa

Fir all d’RaRo:
Mir hun déi 2 nächst Samschdeger den 4. an den 11. Juli all Kéiers vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg.
Lies och bei: Fir all d’CaraPio, d’Rover d’Matarbechter an d’Cheféquipe.
Mym, Joel, David an Lex

Fir all d’CaraPio,d’RaRo, d’Matarbechter an d’Cheféquipe:

E Samschdeg, den 4. Juli ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss. Elo schons en dëcke Merci fir all Hëllef.
E Sonnedeg, den 5. Juli hëllefe mir zu Beetebuerg am Fleegeheem. Déi hun hiert traditionellt Wisefest, a mir suergen mat flotte Spiller fir d’Animatioun vun Grouss a Kleng! Sou machen mir e gudd Wierk a kréien eppes an d’Scoutskees. Fir Iessen an Drenken ass gesuergt. Fir dass daat ganzt flott gëtt, musse mir zu fill sin! Mir treffen eis e Sonndeg den 5. Juli an Uniform um 10.45 Auer zu Péiteng op der Gare, den Zuch fiert um 10.54 Auer. Mir sin owes um 19°° erem zu Péiteng.

Guy

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top