Scoutsziedel bis den 26.9.09

Fir  iech alleguer
Dâ’Vakanz ass nach net eriwer a schon steet daat neit Scoutsjoer an de Startlächer. Ech hoffen dir hut oder haat eng ganz schéin Vakanz. Dest Joer gin et 65 Joer dass Péiteng befreit gin ass an daat gett grouss gefeiert. Bestëmmt hut dir  alleguer den ofiziellen Programm  vun dese Feierlechkeete kritt, ech zielen hei déi Sachen op wou mir als Group Deel huelen, selbstverständlech kënnt dir och vun dene sëllegen aneren Attraktiounen profitéiren.
Mettwoch den 9 September: Fir all eis Memberen: Ofiziellen Deel vun den Commémoratiounsfeieren a Präsenz vum Grand-Duc Henri. R.d.v an Uniform um 17.45 Auer firum Staatshaus. Vun do aus geet den Cortège bei d’Denkmal vum Zaldot Josefson. Op der Staatshausplaatz ass herno eng Receptioun.
Freiden den 11.September: Fir all d’AvEx CaraPio an RaRo:
Déi jonk aus der Gemeng fueren op den Militärkirfeg zu Hamm. R.d.v an Uniform um 14:00 bei der Sportshaal zu Péiteng. Géint 17:00 si mir erem bei der Sportshaal.
Samschdeg den 12 September: Grousst Volleksfest op der Staatshausplaatz: Hei fehlen eis déi läscht Détailer. Mir wärten do en Kaffiszelt machen. Et wär ganz léif wann d’Elteren eis  den een oder aneren Kuch/ oder Taart gingen op d’Plaatz brengen. Wann dir eis wëllt ennerstëtzen da rufft mir w.e.g Samschdes moies um 691435358 un. MERCI! Am Kaffiszelt zielen mir och op d’Hëllef vun den CaraPio an de RaRo.
Sonndeg den 13. September: Fir all eis Memberen R.d.v an Uniform um 9:00 Auer firum Staatshaus. Vun do aus geet den Cortège an d’Kiirch wou eng feierlech Mass ass.
Guy
Fir all d’Wellefcher, AvEx a CaraPio:
Ganz geschwënn ass et esou weit da gesin mir eis endlech erem ! Liest bei => Fir Iech alleguer.
Samschdes den 19. September an Samschdes den 26. September hun mir vun 14:00 bis 16:00 Versammlung um Bierg. Dest ass eng flott Gelegenheet fir är Frënn matzebrengen.
Bis geschwënn
Ãr Chef
Fir d’Elteren vun den AvEx:
Samschdes den 19.9 ass eng “After Camp Versammlung” um 20:00 um Prënzebierg. All d’Elteren vun den AvEx sin hei härzlechst invitéiert; mir weisen ënner anerem Fotoen vum Camp.
Fir all d’RaRo:
Ganz geschwënn ass et esou weit da gesin mir eis endlech erem ! Liest bei => “Fir Iech alleguer.”
Samschdes den 19. September an Samschdes den 26. September hun mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg..

Fir all CaraPio, RaRo Chef a Matarbechter:
E Samschdeg, den 5. September ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss. Elo schons en décke Merci fir all Hëllef
E Samschdeg den 19.September ass Kleedersammlung: R.d.v ass um 9:00 beim aale Pompjeesbau.

Fir all d’Chef:
E Méindeg den 7.September ass Grupperot um 20:00 um Bierg.
Sonndes den 20. September ass Chefdaag => Détailer kritt dir am Grupperot.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top