Robbesscheier - Pärdskutsch Quell: robbesscheier.lu

Sortie op Munzen an d‘Robbesscheier

Titelfoto: robbesscheier.lu

Sonnden, den 25. Juli 2021

Programm :

Treffpunkt : 10:45 Auer zu Draufelt um P&R op der Gare

Mer hate virgesinn, fir mam ëffentlechen Transport ze fueren, mee et gëtt esou vill un de Schinne geschafft, datt mer guer net vu Péiteng op Draufelt kommen, ausser mer fuere samschdes fort.
Also kéime mer mam Auto op Draufelt an et wier flott fir eis Ëmwelt, wa Fuergmeinschafte kéinte gebillt ginn.

11:00 Auer
Vun Draufelt erop op Munzen hu der 3 Méiglechkeeten :
1. Zu Fouss ( 3,5 km)
2. Mat der Päerdskutsch
3. Mam Minibus
Sot bei der Umeldung Bescheed, wéi der et wëllt maachen

12:30Auer
Mëttegiessen an der Robbesscheier

Menu : – Consommé de queue de bœuf
– Roti de veau façon Orloff
– Profiteroles glace vanille, chocolat chaud
Et ass och e vegetaresche Menu méiglech


Nom Iessen :
Mer ginn d’ Beienhaus kucken a gesi wéi de Päerdsschmatt schafft.

16:00 Auer
Retour zu Fouss erof op Draufelter Gare oder
Kleng Paus op der Terrasse vun der Robbesscheier a mam Minibus op Draufelt
Sot och hei bei der Umeldung, wéi der et wëllt maachen

Géint 17:30
Schluss vun der Aktivitéit

Umeldung : Bis de Méinden 12. Juli Beim Marco Quintus :
GSM 621 346 812

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top