Annexe Infoziedel Nationalfeierdag 23.06.2021

Fir Iech alleguer

Wéinst de sanitäre Mesurë kenne mir leider dëst Joer nach keng Spiller am Park maachen. D’Gemeng organiséiert awer kleng Feierlechkeeten zu Rodange wou mir als Guiden a Scoute vu Péiteng sollen derbäi sinn.

09:15h: RDV zu Rodange op der Place Jos Moscardo a Foulard an Uniform (wien eng huet) fir di offiziell Ried vum Buergermeeschter. Duerno um 10:15h feierlechen Te Deum an der Porkierch zu Rodange. Nom Te Deum ass den offiziellen Deel eriwwer an d‘Kanner kenne mat hiren Elteren erëm heem goen.

Mellt Iech w.e.g. beim Claire (621 68 39 99) un fir dat mir eng Gruppen-Umeldung bei der Gemeng maache kennen. Et wier flott wann mir eng Delegatioun mat Guiden/Scoute vun all Alter zesummestelle fir d’Guiden a Scoute vu Péiteng würdeg ze representéieren.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top