Campstull

Infoziedel bis de 19 Juni 2021

Fir d’Biber

Mir hunn den 5.06, den 12.06 an den 19.06 normal Versammlung vun 14.00 bis 16.00 um Prënzebierg. Den 19.06 hunn mir en Eltereninfo-owend fir de Camp (22.06 bis de 25.06.2021) geplangt. Do kritt dir nach weider Infoe per SMS vum Claire. Den Info-Owend wäert ob allenfall online stattfannen.

Fir d’Wëllefcher

D’Joer ass gläich eriwwer an déi lescht puer Versammlunge virum Camping #märchenhaft stinn un. Fir d’éischt gëtt et awer nach eng Kéier Eescht, mir sinn an der Scoutsakademie. Loosst Iech iwwerraschen. Versammlungen si wéi gewinnt Samschdes 5. 12. an 19 Juni vu 14h bis 16h um Prënzenbierg. Fir de Camping kënnt dir iech scho beim Alex (691 177 773) vir un mëllen. De Camping ass vum 19. bis de 25. Juli zu Wolz am Chalet Jitz (rue des Pêcheurs – L 9511 Wolz).#Draamschlass

Fir d’Avex

Hey Avex , mir wäerten an der nächster Versammlung den 5 Juni eise Campingstull ferdeg bastele vun 14-16h um Prënzebierg. De Samschden 12 Juni ass normal Versammlung vu 14-16h  mat Campvirbereedungen an um 16h luede mer är Elteren a fir eng Infoversammlung iwwert de Camp. De Samschden 19ten Juni ass normal Versammlung vun 14h-16h um Prënzebierg.

Fir d’CaraPio

De 14. Juni ass Fändel Dag an den USA. Kritt dir d’Fändels Noriicht hei drënner gelies? Ween an eiser nächster Versammlung d’Äntwert weess gewënnt eng Kamell!

D’Äntwert op d’CaraPio Rätselfro aus dem leschten Infobréif war: eng Landkaart.

De 5. Juni ass Pabeiersammlung, kuckt fir d’Detailer weider ënnen am Bréif.

Fir den Iron Scout, den 10. bis den 11. Juli kënnt der iech umelle per Virement bis de 5. Juni. Mir maachen eng Ekipp zesumme mat de Käerjenger CaraPio.

LGS Péiteng Grupp Hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

30€ oder 45€*

Vermierk: Iron Scout [Numm vum CaraPio]

–30€ Basic Iron-Package : 5 Gänge-Menü, Badger, Taxi an eng Bloderplooschter

–45€ Premium Iron-Package : Basic Package + T-Shirt + VIP Taxi + 2. Bloderplooschter

Wann der elo schonn all Detail iwwer den Iron Scout wësse wëllt, kuckt op https://carapio.lgs.lu/2021/03/24/1476-2/ an luusst regelméisseg op d’Säit vun der CaraPio Regionalekipp Süden (https://www.facebook.com/Regionalekipp-CaraPio-Süden-110574437748663/)

Eis nächst Versammlunge sinn Samschdes de 5. an den 19. Juni vu 14:00-16:00 um Prënzebierg. Den 12. Juni ass keng Versammlung. Dir braucht dat üblecht: Mask, Schaffhännschen, Messer, Kleeder fir dobaussen. Wann d’Wieder dréchen ass kënne mer mat engem 3D Drucker schaffen.

Fir d’RaRo

Mir hunn di nächst Samschdeger de 05.06, 12.06,an den 19.06 normal Versammlung um Prënzebierg.

Fir d’Albatrossen

Mir treffen eis den Freiden 18.06 um 20 Auer um Bierg a fueren dann op Stengefort. Bréngt eng Täschen-oder Kappluucht mat.

Fir d’CaraPio, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Den Samschde 5 Juni ass Pabeiersammlung RDV wie ëmmer um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Elo schonns e grousse Merci fir är Hëllef.

De Sonnden 6. Juni ass dann eis Gebuertsdagsfeier 95+1 aka Mataarbechteriessen um Kuelbécherhaff fir déi di sech ugemellt haten. De Sonnden den 13 Juni drop ass Grillfest vun der Guilde. Treffpunkt ab 11 Auer. Jidderee bréngt säi Ravi an d’Gedrénks mat. D’Feier gëtt gestallt 🙂 Et ass keng Umeldung néideg.

Neies op lgspeiteng.lu

An eiser Sammlung vun historeschen Dokumenter (lgspeiteng.lu/historesch) fannt der ab elo zwee nei Dokumenter: e Bréif un den Gemengerot wéi d’Péitenger Scouten 1940 opgeléist goufen, ier dass Nazien hir Finanzen anzéien hätte kënnen; an en Artikel zur Aweihung vun der Spillplaz um Prënzebierg, 1959. Merci dem Arny Martin fir seng Sich duerch d’Archiven.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top