Programm vun der Guilde: Juni-Juli 2021

Eng kleng Erënnerung

De Grupp LGS Péiteng lued all Chef, Guildememberen, a Mataarbechter an, fir mat eis den 95 + 1. Gebuertsdag ze feieren.

Wéini? De Sonnde 6. Juni 2021, Start um 11h, Enn géint 18h
Wou? Op eisem allerléifste Kuelbecherhaff (1, rue de Mersch, L-7000 Hollenfels)
Um Programm steet en Iessen (Fierkel um Spiiss mat Gromperen an Zalot), Scouts-Spiller vu gëschter an haut an e klengen Trëppeltour.
Umeldung: bis de 19. Mee beim Claire 621 68 39 99, sot mer och zu wéi vill dir kommt (Kanner matgezielt).
Dëst Iesse wäert leider just stattfannen, wann déi zu deem Zäitpunkt aktuell sanitär Mesuren et erlaben. Wann sech un dësen eppes ännert, kann et leider sinn, dat mer d’Iessen ofsoe mussen

Grillfest vun der Guilde

Dëst ass wéi ugekënnegt de Sonnden 13. Juni och op eisem Kuelbecherhaff.
Treffpunkt ab 11 Auer. Jidderee bréngt säi Ravi an d’Gedrénks mat. D’Feier get gestallt 😉
Et ass keng Umedlung néideg a mëttes géinge mer duerch de Bësch trëppele goen.
Hei hale mer eis un all déi néideg sanitär Mesuren.

Ausfluch mat Iessen op Munzen an d’Robbesscheier

Hei kommen Detailer nach no, wat elo scho fest steet ass den Datum: Sonnden, de 25. Juli.
Mer probéieren sou wäit wéi méiglech den ëffentlechen Transport ze huelen. Giess gëtt mëttes an der Robbesscheier an et wäerten och eng oder déi aner flott Aktivitéite gebuede ginn. Et ass derwäert, iech deen Datum elo schonn ze reservéieren.

Pabeiersammlungen

5. Juni / 3. Juli / 7. August / 4. September
All Hänn gi gebraucht.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top