Montée 2020

Infoziedel bis de 6. November 2021

Fir iech alleguer

Samschdes a Sonndes den 30 an 31 Oktober: Gruppe-Montéesweekend zu Bilsdorf

Bei der Montée wiesselen di eelste Kanner aus all Branche (Altersgrupp) an di Branche doriwwer.

Wëll dat en besonnesche Moment fir all Guide/Scout ass, wëlle mir dat all zesummen am Grupp op engem Weekend feieren. D‘Umeldunge sinn ab elo op! Mellt iech beim Claire (621 68 39 99) bis den Sonnde 24 Oktober un (och Chef a RaRo!!), fir dat mir de Weekend besser plange kennen. De Weekend kascht 20€ fir dat 1. Kand aus der Famill dat an de Scouten ass, an 15 € fir all weider Geschwëster. Aërt Kand ass nëmmen definitiv ugemellt wann déi Suen iwwerwise sinn. Dir kennt d’Iwwerweisunge bis den 24 Oktober op eise Kont maachen:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

20 oder 15€

Mentioun “Montée [Numm vum Kand+Branche wou Kand grad dran ass]”

Mier bieden iech fir all Kand aus ärer Famill eenzel!!! ze iwwerweisen.

De Weekend leeft natierlech ënnert dem Covidcheck. Bréngt also alleguerten äre QRcode mat wann dir geimpft, getest oder geheelt sidd. Di Kanner déi nach net geimpft sinn, sollen och di Autorisatioun vun hiren Eltere matbrénge fir dat hir Chef si kënnen op der Platz mat engem Schnelltest testen. Ausserdeem soll all Mannerjäregen di annexéiert Déclaration sur l’honneur matbréngen. Mir soen Iech Merci fir äert Versteesdemech. D’Cheféquipe freet sech erëm kennen en gemeinsame Weekend mat Iech ze maachen.

Ufank vum W.E.:

Mir bieden d’Elteren d’Kanner Samschdes den 30 Oktober fir 15h op Bilsdorf bei de Chalet „Relais de l’amitié“ (10, rue Abbé Neuens, Bilsdorf, L-8811) ze bréngen. Et ass gutt wann dier Fuergemeinschafte kennt maachen. Fir d’Chef: Eise Start ass ab 11h bis spéitstens 13h zu Bilsdorf .

Mathuelen:

Foulard undoen, Täscheluucht, Täschemesser, Bidon, Wäschsaachen (Zahnpasta, Zännbiischt, Seef, Handduch…), Pyjama, frësch Ënnerwäsch, Gezei fir all Wieder (et soll waarm sinn an eppes géint de Reen daachen), Schlofsak, déck Schong, Schlappen, Spullduch, déi ausgefëllte Fiche Médicale (dir fannt d’Fiche Médicale op: www.lgspeiteng.lu/doc ) a perséinlech Medikamenter. Verpaakt alles an engem Rucksak. Dir braucht näischt fir z’iesse matzebréngen. Fir d’Avex déi Montée maachen, Pio, RaRo an Chef: denkt och un är Carrymatt.

Schluss vum W.E.:

D’Eltere kënnen hier Kanner nees Sonndes um 15:00 Auer op Bilsdorf bei de Chalet siche kommen.

Zeremonie de Souvenir den Dënschden 2 November

Zu Feier vun dem 75ten Jubiläum vun der Erriichtung vum Monument aux Morts Ave Spes Nostra zu Péiteng virun der Parkschoul, organiséiert de Comité du Souvenir eng Zeremonie mat uschléissender Mass. Rdv as an Uniform (fir déi di eng hunn) beim Park zu Péiteng um 19h , Schluss ass dann um 20h bei enger Receptioun an der Maison de la Culture „a Rousen“.

Fir d’Biber

Als Ofschloss gi mir den Samschden 23.10 op Bartreng Wigh-tsun (eng Form vu Kung-Fu) maachen. Mellt Iech beim Claire um 691309108 bis en Mëttwoch 20.10 un. Dono ass Montée kuckt bei fir Iech alleguer. Mir wäerten iech vermësse. Den 6. November ass keng Versammlung well Vakanz ass.

Fir d’Wëllefcher

Dir léif Wëllefcher deemnächst ass et esou weit, mir gi zesummen ob de Montées Weekend.

Virdrunner hunn mir nach eng Versammlung den Samschden 23. Oktober vu 14h00 bis 16h00 um Prënzebierg. Déi Woch dono ass dann de Montéesweekend. Kuckt bei „Fir Iech alleguer“ fir iech unzemellen an ze wësse wat dir sollt matbréngen. Mir freeën eis scho mol. Den 6. November ass keng Versammlung well do Vakanz ass.

Fir d’Avex

Salut AvEx, Samschdes, den 23.10 hunn mer Versammlung vu 14:00-16:00. Fir den 30-31 Oktober, kuckt do bei „ Fir iech alleguer“. Den 6. November ass keng Versammlung well do Vakanz ass.

Déi AvEx déi d’Montée maachen: liest w.e.g. och deen Deel „Fir d’CaraPio“. Mir fréën eis schonn op iech! -Är CaraPio Ekipp

Fir d’CaraPio

Mir gesinn eis de Samschden 23. Oktober vu 14:00-16:00 um Bierg fir d’Montée Aktivitéit fir d’AvEx déi erop komme vir ze bereeden. D’Woch drop vum 30. bis den 31. Oktober ass de Montéesweekend, liest dofir den Deel „Fir iech all“ a bréngt folgend Saache mat: waarm Kleeder an eng déck Jackett fir dobaussen ze sinn bei all Wieder, déck Schung, Gamelle, Besteck, gefëllte Bidon, Becher, Spullduch, Täscheluucht, Täschemesser, Bic, Schlofsak, Carrymat, Warngilet, Covid-19 Impfpass (ween een huet) oder d’Erlabnis fir op der Plaz en Covid-19 Test ze maachen (ausser dir hudd déi schon ofginn). Pakt alles an e Rucksak. Dir braucht näischt fir z’iesse mat ze bréngen.

Fir op de Kalenner:

6. November: Pabeiersammlung, mä keng Versammlung Nomëttes

10. – 12. Dezember: CaraPio Süden WE mat Visite vu Stroossbuerg an dem Konzentratiounslager Struthof

22. Januar: CaraPio Nuetsfunkraid

22. – 24. Abrëll: Iron Scout rondrëm de Stauséi

7.-8. Mee: Pélé des Jeunes

9. Mee: Journée CaraPio (JoCaPi) zu Käl

Fir d’RaRo

De Samschden 23. Oktober an den 30 Oktober hunnmer normal Versammlung vun 16:15-18:15. Fir d’Montée kuckt bei „Fir iech alleguer“ a mellt Iech beim Claire un wann der dobäi sidd. De Samschden 6 November ass just moies Pabeiersammlung .

Fir d’Albatrossen

Di nächst Versammlung ass den 22 Oktober um 20h. Bis dohi kennt dir Iech fir eise Camping an der Ouschtervakanz umellen.

Fir all d’Carapio,RaRo, Albatrossen, Matarbechter, Chef a Guildememberen

Den 6. November ass Pabeiersammlung. Um 8h30 ass Rdv op dem ale Site vun der Eucosider. Gëff dengem Häerz e Stouss a pack eng oder zwou Hänn mat un. MERCI

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top