Guilde Aktivitéiten an Ännerungen vun den Aktivitéiten: Februar a Mäerz

  • Eisen Spillnomëtte mat Hiekeniessen huet misse wéint den héige Covid Zuele verluet ginn an zwar op de Sonnden 20. Mäerz um 12 Auer am Chalet.Et gëtt dann och keng Hierke mee eng Choucroute an als Dessert Fuesend.
  • Mer hëllefen als Guilde och um Buergbrennen vum Grupp an zwar den 5. Mäerz ab 9 Auer um Bierg.
  • Ganz nei ass den Trëppeltour zu Useldeng mat Iesse beim Péitsche Lauer den 20. Februar : RV zu Useldeng um Parking vis-à-vis vum Restaurant Péitsche Lauer um 10 Auer fir 10km ze trëppelen oder um 13:15 am Pöitsche lauer fir z’ iessen. Umelle soll een sech beim Leo Lutgen : [E-mail verstoppt, dir kënnt iech iwwer de Kontakt Formular umellen an ech ginn dat weider. -Gilles] bis den 17.2.
  • Keelespillen an der Féngeger Stuff all 1. Donneschden am Mount ab 20 Auer ( 19 Auer fir déi Hongreg) Also den 3.2 an 3.3. Et kann een och komme fir ze poteren, wann ee net well oder ka matspillen.
  • Mer hëllefen och op de Pobeiersammlungen vum Grupp an zwar den 5. Februar an 12. Mäerz. Treffpunkt um 8:30 beim ale Site vun der Eucocider

Titelfoto: “Premiere Choucroute!” vum Auteur new-york-city ass lizenséiert als CC BY-NC-ND 2.0

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top