Summer Camp

Infoziedel Camp 2022

Fir Iech alleguer

Dëst ass de läschten Ziedel fir dest Scoutsjoer.
Ech wenschen Iech alleguer e flotte Camp, eng schéi Vakanz an haalt Iech gesond.

Fir d’Wëllefcher

Yeah. et geet gläich op de Summercamp! #Galaxie Mir gi vum 18 bis de 23 Juli op de Summercamp an de Chalet „ Paafenheck „ . ( Rue de Pontpierre L-3940 Mondercange) D‘Eltere bréngen d‘Kanner a kommen se och
erëm sichen. Mathuelen musst dir ob de Camping ee grousse Rucksak mat:

  • Kleeder fir waarmt, kaalt, an/ oder naasst Wieder
  •   frësch Ënnerwäsch fir all Daach,
  •   eng fett Fleecejackett, K-way + Box
  •   Schlofsak,
  •   Wäschsaachen, Buedduch, Schwammsaachen, (Äermercher fir déi déi sech nach bësse méi onsécher am Waasser fillen), Wasserschlappen,
  •   Lieblingsteddy an all aner Saachen déi dir braucht fir gutt ze schlofen,
  •   Pyjama, Kappkëssen
  •   Klenge Rucksak
  •   Täscheluucht an Täschemesser,
  •   Foulard an Uniform (fir déi déi schonn eng hunn)
  •   Bidon,
  •   Kap oder Sonnenhutt,
  •   Sonnecrème an Insektenspray,
  •   Schlappe fir am Haus
  •   fest Biergschong fir dobaussen.
  •   An 2 Spulldicher… ja nerveg mee muss och gemaach ginn.
  •   E puer Masken falls mer der sollten brauchen
  •   speziell fir dëst Joer och Stremp vun der Jumphaal vun Foetz Ozone wann dir der hutt
  •   perséinlech Medikamenter
  1. Et ass wichteg dass all är Saache mat ärem Numm gezeechent sinn! Net matbréngen: Wäertsaachen, Handy, Täschegeld a Séissegkeeten. De Camping fänkt den 18ten um 14h un an hällt de 23ten um 14h op, mir invitéieren dofir all d’Elteren hier Kanner erëm sichen ze kommen.
    De Camping kascht 120€ fir dat eicht Kand an 110€ fir dat 2. Kand aus der Famill. Dir kennt d’Suen cash mat op de Camping matbréngen. Ausserdeem brauch all Participant eng ausgefëllte Fiche Medicale (am Unhang, w.e.g. ausprinten an ausgefëllt matbréngen) a Kopië vun Ärer Impfkaart a Carte d’Identitéit. Covid-Moossnamen : Um Camping selwer brauche mer keng Mask unzedin. Falls Froen oder Schwieregkeete besti kenn dir gäre beim Alex 691 177 773 nofroe resp ärch umellen.

Fir d’Avex

  1. Camp-Infoen:
    Start: Bréngt w.e.g. äert Kand fir Méindes, den 18. Juli fir 14:00 Auer op Eschduerf bei den Scoutschalet (3 Am Beedemterwee, L- 9150 Eschdorf). Dot w.e.g är Uniform an äre Foulard un wann der kommt! Falls Problemer beim Transport sin , kennt der Iech beim Fränz mellen (691 94 24 84 ) Schluss: Dënschdes, 26. Juli, dir kennt äert Kand fir 14h Auer op Eschduerf nees siche kommen. De Präis vum Camp ass 150€.
    Matzebréngen den Dag vum Camp:
    -Fiche médicale, déi ausgefëllt ass (fannt der op lgspeiteng.lu/doc)
    – de Präis vum Camp a cash Suen !!!!
    – Dateschutzerklärung vun de Käerjenger Guiden a Scouten am Unhang

Weider Infoen: Nummere wou der d’Chef um Camp areeche kennt: Fränz 691 94 24 84 W.E.G. just wärend den Iesszäiten uruffen
Materiallëscht:
WICHTEG: Markéiert är Saache virun allem d’Gamelle an d’Besteck, vill Leit hunn dat selwecht!

– Ënnerwäsch a Strëmp fir all Dag ze wiesselen
– Wanderschong (Am Beschten undoe fir dohin)
– Uniform + Foulard (Hu mir un wann mir ukommen)
– Normal Schong oder Turnschlappen
– Gezei fir all Wieder
– UNBEDINGT: Sonnekap oder –hutt, Sonnecrème, Anti-Moustique Spray – Wäschsaachen
– 3 Kichendicher
– Carrymatt a Schlofsak
– K-Way/Reenjackett
– Schwammsaachen
– Bidon (keen ze klengen), Becher a Gamelle mat Besteck
– Täscheluucht an Täschemesser
– Bic a Block
– klenge Rucksak
– Medikamenter falls der gebraucht ginn
– Waasserschlappen oder al Schong déi kennen naass ginn
– Perséinleches z.B eng Mask/Buff
– Oueren-stepp falls ee Problemer mat Geschnarchs huet
Wäertsaachen (z. B. Handy) a Séissegkeete sollen doheem bleiwen!

Fir d’CaraPio

An der Summervakanz hëllefe mer bei der Vakanzaktioun an der Pabeiersammlung. Liest dofir den Detail weider ënnen. Fir op de Kalenner: vum 24. September mëttes bis den 25. September mëttes hu mer e Scoutsverspriechens-WE mat Iwwernuechtung.

Fir d’RaRo

Kuckt bei „Fir d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Chef a Mataarbechter“. Mir plangen eisen Wandercamp an Slovenien vum 26.08 bis den 03.09, wieder Informatiounen kritt dir no.

Fir d’Chef

Den Donneschden 28 Juli treffe mer eis um 20h um Bierg fir den Nomëtte mat der Vakanzaktion fir ze bereeden. Den nächsten Grupperoot ass de 15.09.2022 um 20h am Chalet.

Fir d’CaraPio, RaRo,Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter

Schaff-WE:

No den Campinger gëtt et Zäit fir eng Raumaktioun an der Garage zu Rodange an e puer Aarbechte ronderëm de Chalet an. Duerfir maache mer de Weekend vum 06-07 August e Schaffweekend um Prënzebierg. De Weekend fänkt mat der Pabeiersammlung vum 8:30h un a geet bis Sonndes nomëttes. Mëllt Iech w.e.g. bis den 01.08 beim Claire (621 68 39 99) un fir dat mer d’Iessen plange kennen. Matbréngen: Motivatioun, Schaffhändschen an alles wat dir braucht fir am Chalet ze iwwernuechten.

Vakanzaktioun:
Och dëst Joer fënnt erëm eng Vakanzaktioun statt. Mir organiséieren den Nomëtte vum Donneschden 4 August mat flotte Spiller um Bierg. Dëst ass fir d’Kanner am Wëllefchersalter vum Cycle 2. Fir dat den Nomëtte flott gëtt, brauche mir Leit déi eis do eng Hand upaken an d’Spiller mat de Kanner machen. Moies vun 9°° un, riichte mir op. Mir iessen um Bierg zu Mëtteg d’Kanner si vu 14.30 Auer bis 17.30 Auer do. Wann s Du wëlls hëllefen, da so mir w.e.g Bescheed um 621 68 39 99 bis den 01.August. MERCI!!!

Pabeiersammlung:
Di nächst Pabeiersammlunge sinn den 6 August an den 3 September. R.d.v. um 8.30 Auer zu Péiteng um ale Site vun der Ecosider. Wëll Vakanz ass, a fill Leit fort sinn ass et extra wichteg dass jidderee wou kann, och do ass. MERCI!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top