Fir Iech alleguer
Buergbrennen
Mir invitéieren Iech alleguer mat äre Famillen, Frënn, Noperen,… op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen. Mir brennen d’Buerg, e Samschdeg de 8 Mäerz.
De Fakelzuch geet um 18:30h ënne beim Wee (Eucosider) fort, an d’Buerg gëtt géint 19h ugefaangen.
D’Kanner an di Jonk (Biber, Wëllefcher, Avex) kennen eis mëttes fir 15h hëllefe komme mat der Buerg. Jiddereen, dee beim Opriichten hëlleft kritt och virum Fakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze maachen, de Grill steet schonns prett.
D’RaRo, Albatrossen, Chef , Guilde a Mataarbechter treffen sech moies um 9h um Prënzebierg fir d’Buerg opzeriichten. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gëtt weider geschafft bis d’Buerg steet. Matbréngen: Schaffhändschen, Tupperware fir wann dir nach Ravi wëllt mat heem huelen a gutt Laun.
Scoutstheater
De Weekend drop, den 14. an de 15. Mäerz spille mer Theater zu Péiteng am Home St.Hubert.
Et gëtt gespillt :
D’Kanner an di Jonk spillen :
Grouss Klassiker
D’Cheféquipe a Mataarbechter spillen e (komeschen) Thriller an 3 Akten vum Mary Bakker-Schoon iwwersat vum Thierry Feiereisen
An de Laberenten
De Riddo ass um 19:30 (d’Kanner déi matspille sollen um 19°°Auer am Home sinn.) De Präis ass 10€ fir Erwuessener a 5€ fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspille mussen natierlech näischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sinn och gratis. Reservéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun Bescheed.
Dir kennt Är Platzen, ab dem 24.02.2024 ëmmer vu 17-19h um 621 73 61 00 (Elsen) reservéieren. P.S Wann dir eis e klenge Cadeau fir an d’Tombola wëllt ginn, da gitt Ärem Kand et einfach mat an eng Prouf. Villmools Merci am viraus!
D’RaRo, Albatrossen, Chef , Guilde a Mataarbechter , déi beim Theater hëllefen , treffen sech all Owend um 17h am Home. Mir riichten de Sall, a këmmeren eis em d’Iessen an d’Gedrénks, sou ewéi em d’ofriichte Samschdes owes.