Buergbrennen 2026

Mir invitéieren Iech alleguer mat äre Famillen, Frënn, Noperen,… op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen.  Mir brennen d’Buerg, e Samschdeg de 21 Februar.

De Fakelzuch geet um 18:30h ënne beim Wee (Eucosider) fort, an d’Buerg gëtt géint 19h ugefaangen.

D’Kanner an di Jonk (Biber, Wëllefcher, Avex) kennen eis mëttes fir 15h hëllefe komme mat der Buerg. Jiddereen, dee beim Opriichten hëlleft kritt och virum Fakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze maachen, de Grill steet schonns prett.

D’RaRo, Albatrossen, Chef , Guilde a Mataarbechter treffen sech moies um 9h um Prënzebierg fir d’Buerg opzeriichten. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gëtt weider geschafft bis d’Buerg steet. Matbréngen: Schaffhändschen, Tupperware fir wann dir nach Ravi wëllt mat heem huelen a gutt Laun. 

Fête des Brandons 2026

Nous vous invitons tous pour la fête traditionnelle des brandons.

Nous brûlerons la “Buerg” le samedi  21 Février. La retraite aux flambeaux partira à 18.30 h au parking en bas près du site Eucosider et la “Buerg” sera allumée vers 19h.  Nous avons aussi préparé un petit ravitaillement près du Chalet.

 Les enfants (Biber, Wëllef et Avex) peuvent venir dès 15h pour nous aider à ériger la « Buerg », ils seront ravitaillé par une bonne soupe de légumes avant de venir en bas pour participer avec leurs parents à la retraite aux flambeaux.

Les RaRo, Albatross, Chefs, guilde et collaborateurs sont priés de venir le matin à 9h au Prënzebierg pour construire la Buerg. A amener : gants pour travailler , Tupperware, bonne humeur.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top