Scoutstheater
Den 13. an de 14. Mäerz spille mer Theater zu Péiteng am Home St.Hubert.
| Et gëtt gespillt : Biber: Quatsch mat Strëmp Wëllef: Scouten am Dschungel-Abenteuer AvEx: Entkomm wann´s de kanns CaraPio: Kuerz Filmer D’Cheféquipe a Mataarbechter spillen eng Krimi- Komödie an 3 Akten vum Thomas Bleidiek iwwersat vum Jos Weimerskirch Waat een Duercherneen |
De Riddo ass um 19:30 (d’Kanner déi matspille sollen um 19°°Auer am Home sinn.) De Präis ass 10€ fir Erwuessener a 5€ fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspille mussen natierlech näischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sinn och gratis. Reservéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun Bescheed.
Dir kennt Är Platzen, ab dem 24.02.2026 ëmmer vu 17-19h um 621 73 61 00 (Elsen) reservéieren. P.S Wann dir eis e klenge Cadeau fir an d’Tombola wëllt ginn, da gitt Ärem Kand et einfach mat an eng Prouf. Villmools Merci am viraus!
D’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef , Guilde a Mataarbechter , déi beim Theater hëllefen , treffen sech all Owend um 17h am Home. Mir riichten de Sall, a këmmeren eis em d’Iessen an d’Gedrénks, sou ewéi em d’ofriichte Samschdes owes.