Informatiounsblad vun der Guilde

Informatiounsblad vun der Guilde 03.06.2013

Donneschdeg, den 20. Juni um 20 Auer ass Uucht am Scoutschalet um Bierg.

Thema: Odyssee 2013

All 4 Joer maachen d’Ranger an d’Rover eng oder e puer Odysseeën. D’Ziel vun enger Odyssee ass, en anert Land, seng Leit a Kultur kennenzeléiren a sech gläichzäiteg un engem konkrete Projet ze bedeelegen. Vum Péitenger Scoutsgrupp bedeelegen sech 9 Leit u Projeten an Georgien, Indien an Bosnien. Well dës Projeten mat vill Onkäschten verbonnen sinn, wëllen mir als Guilde dës Leit finanziell ënnerstëtzen. E puer vun de Scouten stellen eis an der Uucht déi verschidden Projeten vir. Et ass virgesinn dës Uucht mat enger Quête ze verbannen, dofir wären mer frou wann vill vun eisen Memberen deen Owend kënnten präsent sinn. Falls dir deen Owend net kommen kennt an d’Odysseen awer ënnerstëtzen wëllt, kennt dir dat maachen mat engem Don op den CCPL: IBAN LU76 1111 2956 5596 0000 mam Vermierk: Odyssee 2013. Am Viraus e groussen Merci fir all Don.

Sonndeg, den 23. Juni 2013 ass eis Familljensortie.

Fousstour vun 5,2 km iwwert de Gipspad zu Walfer-Steesel.

Depart um 13 Auer 30 mat Privatautoen op der Maartplaz zu Péiteng oder um 14 Auer 15 um Parking Kléngelbur op der Strooss tëschent Briddel an Steesel (ongef. an der Mëtt).

 

Méindeg, den 8. Juli 2013 ass Comitésversammlung um 20 Auer am Home.

Donneschden, den 11. Juli 2013 um 20 Auer ass eisen Keelenowend am Café Porte de Lamadeleine.

Samschdeg, den 21. September ass Nuit des Lampions zu Wolz. (virmierken)

Samschdeg, den 5. Oktober ass eis 60-Joer-Feier geplangt.

 

Rapport vun eisen leschten Aktivitéiten:

Op eiser Sortie op d’Guidenkiermes zu Bilschdref mat duerno engem Fousstour ware mir zu 12.

Un eiser Generalversammlung am Scoutschalet um Bierg hunn 25 Leit deel geholl.

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top