Scoutziedel vum 22.-29. Juni 2013

Fir iech alleguer:

E Sonndeg den 23. Juni beddelege mir eis un de Feierlechkeeten vun Natationalfeierdaag. Mir gin am Cortège an den Te Deum. R.d.v ass, an Uniform um 9.30 Auer zu Péiteng op der Maartplatz. Géint 12.15 Auer si mir nees zerëck.

Fir all d’Biber:

Léif Biber,

déi 2 nächst Versammlungen, den 22. an de 29. Juni geet et weider am Märchebësch also Psssst… dass déi béiss Hex iech net héiert. Mir gesin eis vun 14°°-16°° um Prenzebierg. Lies och bei: Fir iech alleguer.

Fir op de Kalenner: Mir gi vum 19 bis den 21 Juli op de Camp. Vu Freides moies 10°° bis Sonndes 17°° Détailer kommen gleich.

Fir all d’Wëllefcher:

E Samschden den 22. Juni ass KENG Versammlung. Fir Sonndes den 23. Juni liest bei: Fir iech alleguer.

Samschdes den 29. Juni hellefe mir dem Bender sech an der Zukunft besser zurecht ze fannen. Mir bauen ee riiiiiisegen Roboter. Mir gesin eis vun 14°°-16°° um Prënzebierg

Fir all d’ AvEx:

Leif AvEx, e Samschden, den 22.06 hu mer zesummen mat de Rodanger vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Et ass wichteg dass Du do derbei bass, daat ganzt ass en Training fir de Mini-Interville. De Mini-Interville ass e Championat vu jonke Leit teschend 10 an 13 Joer zu Déifferdeng. Véier Stiéd „kämpfen“ géint eneen. Mir hun déi grouss Éier fir Péiteng ze vertrieden. Nomettes ass et un eis an owes ass den Interville wou Erwuessener daat selwegt mache. Fir Sonndes den 23. Juni liest bei: Fir iech alleguer.

Samschdes, den 29.06 ginn mer zesummen mat den Rodanger AvEx op den Mini-Interville. Umellen kennt der iech all Daag beim Fredi um 621 47 25 10 per SMS/Uruffen no 19.00 Auer.

Thema vum Interville ass de wëlle Westen. Den Départ ass um 15°° bei der Sportshaal zu Péiteng.Op der Platz kréie mir alles erklärt an um 17°° geet et lass. Matuelen:Sportskuerf mat  Schwammsachen a Buedduch. Géint 20.30 Auer si mir nees zereck. Hoffentlech mat der Coupe J

Fir all déi Leit wou Iech wellen ennerstetzen: Zu Péiteng an der Gemeng kritt ee fir 5€ en Entreestiket an e T-Shirt ze kaafen. Um 16.30 Auer féiert eng gratis Navette d’Suporter op Déifferdeng an owes natirlech och nees op Péiteng.

Fir all d’CaraPio:

Salut dir leif Caravellen an Pionéier,

déi 2 nächst Versammlungen, den 22. an de 29. Juni dréint sech alles hondremt eise Camp: Brengt Ideen mat fir de Panneau,vergiesset net Stremp an Tennisbäll fir eist Spill matzebrengen an denkt iech en originelle Menü fir de Kiirmesdaag um Camp aus. Mir gesin eis vun
14°°-16°° um Prenzebierg. Fir Sonndes den 23. Juni liest bei: Fir iech alleguer.

Samschdes den 29. Juni ass Pobeiersammlung r.d.v wéi ëmmer um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss. Mir zielen op DECH! Carapiosüden T-Shirte gi bestallt, iwwerweist w.e.g.15 Euro op eise Konto. Vergiesst net ären Numm, Virnumm a CaraPio SüdenT-Shirt dropzeschreiwen .

LGS Grupp hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

Fir all d’RaRo:

Mir hun den 22. an de 29. Juni vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg.

Den 29. Juni ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi emmer um 8.30 Auer op der Lengerstross.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’Guilde an d’Chef: 

Den 29. Juni ass Pobeiersammlung. R.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Elo schons en decke MERCI fir DENG Hëllef! Dës Pobeiersammlung war am Ufank vum Joer nach net geplangt, duefir steet se och net um Kalenner vun der Gemeng.

Fir all d’Chef:

Méindes de 24.Juni ass Grupperot um 20°° um Bierg

Neies vun der Guilde:

Donneschdeg, den 20. Juni um 20 Auer ass Uucht am Scoutschalet um Bierg. Thema: Odysee vun de RaRo. Sonndeg, den 23. Juni  ass eis Familljensortie. Fousstour vun 5,2 km iwwert de Gipspad zu Walfer-Steesel. Depart um 13 Auer 30 mat Privatautoen op der Maartplaz zu Péiteng.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top