Infoblaat

1) Fir Iech alleguer:

Dest ass de läschten Ziedel fir dest Scoutsjoer, duefir ass en och een extra groussen.

Ech wenschen Iech alleguer e flotte Camp an eng schéi Vakanz!

 

2) Fir all d’Biber:

Salut mir hun e Samschden, de 06. Juli déi läscht Versammlung fir dest Scoutsjoer. Mir gesinn eis wéi gewinnt vu 14°° bis 16°° um Bierg. Freet iech elo schons op Spaass a Spannung.

Et dauert guer net méi laang da gi mir op de Camp. Hei d’Détailer vum Camp:

Vum 19.(Freides) bis den 21.Juli (Sonndes)  gi mir op de Camp op de Kuelbicherhaff bei Huelmes.

Départ: Mir treffen eis an Uniform, e Freiden, den 19.07 um 10.00 zu Péiteng beim aale Pomjeesbau. Et wir super wann e puer Elteren eis beim Transport kéinten hëllefen. Sot w.e.g bei der Umeldung Bescheed.

Matbrengen : Kuckt beim Punkt 5) et ass fir d’Biber,d’Wëllef an d’Avex daat selwecht.

Ausser: Dir braucht keng Carrymatt oder Loftmatratz.

Retour:Mir invitéiren d’Elteren fir den 21.7 um 16°° op de Kuelbicherhaff ze kommen. De Camp ass géint 17°° eriwer an dir kënnt ( oder sollt J )äre Biber erem matheem huelen

Umellen:Mellt iech w.e.g bis den 10.07 beim beim Lena Tel.:621 765 259 (no 18°°) un.

Camppreis: De Camp vun de Biber kascht 40 Euro

 

3) Fir all d’Wellefcher:

Salut mir hun den 06.07 an den 13.07 déi läscht Versammlungen fir dest Joer, all Kéier vun 14°° bis 16°° um Bierg. Mir gin eis drun, fir dass de Roboter färdeg gëtt.

Et dauert guer net méi laang da gi mir op de Camp. Hei d’Détailer vum Camp:

Vum 21.(Sonndes) bis den 28.Juli (Sonndes)  gi mir op de Camp op Réiser an den Home Père René Leuck.

Ufank: De Camp fänkt Sonndes um 14°° un. Et wier super léif wann d’Elteren iech op d’Platz kéinte brengen 44, Grand-Rue L-3394 Roeser(da gesi se an engems wou dir haust J ).

Matbrengen : Kuckt beim Punkt 5) et ass fir d’Biber,d’Wëllef an d’Avex daat selwecht.

Ausser: Dir braucht keng Carrymatt oder Loftmatratz, vergiesst ärt Pistebichelchen net, a brengt en aalen T-Shirt an eng aal Box fir ze bastle mat.

Retour: Är Elteren kenne iech Sonndes fir 11°° op Réiser siche kommen.

Umellen: Mellt iech w.e.g bis den 10.07 beim Alex Tel.: 691 177 773 un.

Camppreis: De Camp vun de Wëllef  kascht 140 Euro (wann méi Kanner aus der Famill mat eisem Grupp op de Camp gin, dann bezillt den eelsten de volle Preis, déi aner bezuelen 20 Euro manner)

 

4) Fir all d’AvEx:

Mir hun e Samschden, de 06. Juli déi läscht Versammlung fir dest Scoutsjoer. Mir gesinn eis wéi gewinnt vu 14°° bis 16°° um Bierg. Duerno dauert et guer net méi laang da gi mir op de Camp. Hei d’Détailer vum Camp:

Vum 20.(Samschdes) bis den 28.Juli (Sonndes)  gi mir op de Camp op de Senningerbierg  (33, Zone Industrielle Bredewues L-1259 Senningerberg).

Départ: Mir treffen eis an Uniform, Samstes den 20.07 um 13:00 Auer zu Péiteng op der Gare. Jumboskaart oder en Kuerzstreckebillet braucht der och.

Matbrengen : Kuckt beim Punkt 5) et ass fir d’Biber,d’Wëllef an d’Avex daat selwecht.

Ausser: Well mir an Zelter schlofen ass et wichteg dass dir eng Dreckstuut an de Rucksack macht an d’Sachen do dra packt. Daat mam Petzi ass net onbedingt fir iech, awer wann et iech helleft… , Schlappen braucht dir och keng. Vergiesst den AvEx Pass net.

Retour: De Camp ass den 28.07 um 14°° eriwer et wier flott wann är Elteren Iech op d’Campplaatz siche kéimen.

Umellen: Mellt iech w.e.g bis den 10.07 beim Fredi Tel.: 621 472 510 un.

Camppreis: De Camp vun den Av-Ex  kascht 160 Euro (wann méi Kanner aus der Famill mat eisem Grupp op de Camp gin, dann bezillt den eelsten de volle Preis, déi aner bezuelen 20 Euro manner)                                      

5) Waat d’Biber, d’Wëllef an d’Avex alles esou brauchen fir op de Camp:

Matbrengen :

* Eng Kopie vun der Impfkaart * Kopie vun der Carte d’Idendité, d’Fiche médicale Fiche méd_Péit_ *Wäschsaachen:Zännbiischt,Zahnpasta, ee Läppchen,Seef ee klengt Duch,eng Biicht

*Schwammsaachen: e grousst Duch, e Maillot/uleiend Schwammbox/Schwammkaap/ wa néideg Ärmecher

*Ee Schlofsaack*Carrymatt oder Loftmatratz *evt. een Kappkessen an e Petzi* zwee Kichendicher *ee klenge Rucksack * een Bidon *eppes fir ze liesen fir an der Freizeit oder ee Kaartespill *e Stoffene Saack fir déi knaschteg Kleeder *frësch Ennerwäsch an Strëmp fir all Daag *eng gudd Reejaket (net onbedingt eng schéin awer eng déi gudd géint de Reen ass !!!)* dëck Schung ,Turnschlappen*Gezei fir all Wieder an dees waat kann knaschteg gin *eng Kaap an eng Mutz (owes kann et kaal gin)*Sonnecrème (hoffentlech brauche mir se.)* Spray géint Zecken a Moussetiken* een Täschmesser* eng Täschelucht * a Schlappen

Verpaackt alles an engem Rucksaak. Et ass wichteg dass är Saachen gezeechend sin!

Gitt d’Kopie vun der Impfkaart,eng Kopie vun der Carte d’idendité , d’Fiche an d’Suen beim Départ of.

Net matbrengen: Wertsaachen, Handy, Gameboy , Täschegeld an Séissegkeeten.

 

6) Fir all d’CaraPio:

06.07: Keng Versammlung

Sonndes 07.07: Mir fueren op Beetebuerg an d’Pflegeheem do ass Wisefest a mir suergen zesumme mat de RaRo an de Chef fir Animatioun. Fir Détailer an aner wichteg Infoen=> Lies beim Punkt 8)

13.07: Läscht Versammlung fir dest Scoutsjoer Duefir gesi mir eis vun 16°° – 20°°um Bierg. Et gëtt Pakalu J J brengt also all aer Gamell (net dei aus Plastik) mat.

Camp: Leider hun mir nach net all d’Détailer. Esoubal mir méi wëssen, setze mir des Infoen op dese Site

7) Fir all d’RaRo:

Mir hun e Samschden, de 06. Juli déi läscht Versammlung fir dest Scoutsjoer. Mir gesinn eis wéi gewinnt vu 16°° bis 18°° um Bierg. Fir Détailer an aner wichteg Infoen=> Lies beim Punkt 8)

 

 

8)  Fir all d’CaraPio/ d’RaRo/d’Cheféquipe/ d’Guilde an d’Matarbechter

Sonnden de 7.07: Mir fueren op Beetebuerg an d’Pflegeheem do ass Wisefest, mir suergen do fir Animatioun fir d’Kanner vum Personal. Et ass wichteg dass mir zu fill do untrieden, eise Grupp kritt Suen duefir, an ausserdem ass d‘Mettegiesse gratis. Mir treffen eis an Uniform um 10.45 Auer zu Péiteng op der Gare. Mir sin owes géint 18.30 Auer nees zereck.

Samschdes de 27.07: Pobeiersammlung. R.d.v. wéi gewint um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Wëll Vakanz ass, a fill Leit fort sin ass et extra wichteg dass jidferee wou kann, och do ass. MERCI!

Donneschdes den 1. August: Vakanzaktioun. Mir organiséiren een Nomettëg mat flotte Spiller um Bierg, dest ass fir d’Kanner vum Cycle 2.2, déi bei der Vakanzenaktioun matmachen. Well fill Kanner kommen brauchen mir Leit déi eis do eng Hand upacken. Moies vun 9°° un, riichte mir op. Mir iessen um Bierg zu Metteg d’Kanner sin vun 14.30 Auer bis 17.30 Auer do. Wanns Du wëlls hëllefen, da so mir w.e.g Bescheed um 691435358 oder mach mir eng Mail gzoller@pt.lu MERCI!!!

Samschdes de 24.08: Pobeiersammlung. R.d.v. wéi gewint um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Wëll Vakanz ass, a fill Leit fort sin ass et extra wichteg dass jidferee wou kann och do ass. MERCI!

9) Neies vun der Guilde:

Donneschdes den 11. Juli gëtt vun 20°° un, am Café Porte Lamadelaine Keele gespillt.

Elteren, Matarbechter a Chef sin härzlech wëllkomm.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top