Informationsblad vun der Guilde vum Juli 2013

 

Informatiounsblad vun der Guilde vum Juli 2013

 

Samschdeg, den 20. Juli 2013 Familljensortie op Lasauvage

 

Rendezvous: 9.45 zu Lasauvage bei der Kierch oder um 12.00 am Restaurant.

Visite guidé duerch Lasauvage vun ongeféier 2 Stonnen. D’Participatioun fir de Guide leit bei ongeféier 8 Euro pro Persoun.

D’Mëttegiessen ass an der „Auberge de la Promenade“ (Casino) op der Maartplaz zu Lasauvage.

Menü: Melon au jambon,

Escalope Crème champignon,

Salade aux fruits frais.

Nom Iessen ginn déi Fräiwëlleg op den Naturléierpad. (dauert ongeféier 1 Stonn).

Umeldung bis spéitstens den Dënschdeg, den 16.07.2013 beim Martine Schlottert.

Tel.: 50 32 71

GSM.: 621 41 40 40

 

Samschdeg, den 27. Juli 2013 ass Pobeiersammlung

 

Rendezvous um 8.30 beim Chantier Alleva op der Lenger Strooss.

All Mathëllef geet gebraucht, wéint der Vakanz a verschidden Campingen.

 

Donneschdeg, den 1. August 2013 ass Vakanzaktioun beim Chalet um Bierg

 

De Grupp bitt an verschidden Atelieren Scoutsaktivitéiten un. Et gëtt mat 150 Kanner gerechent.

Mir ginn gebraucht fir Moies opzeriichten an Mëttes an den Atelieren ze hëllefen.

Unmellen an Detailer kritt der beim Martine Schlottert um GSM 621 41 40 40.

 

Sonndeg, den 11 August 2013 Familjensortie op d’Baggerweieren zu Remerschen

 

Fousstour ronderëm d’Baggerweieren

Rendezvous um 14.00 Auer bei der Kellerei zu Remerschen.

Guide: Georges Scherer

 

Samschdeg, den 24. August 2013 ass Pobeiersammlung

 

Rendezvous um 8.30 beim Chantier Alleva op der Lenger Strooss.

Wéint der Vakanz geet all Mathëllef gebraucht.

 

Samschdeg, den 7. September 2013 gëtt D’Fatima Kapell um Bierg renovéiert.

 

Rendezvous um 10.00 Auer um Bierg fir d’Kapell ze botzen an eventuell a Stand ze setzen.

 

Méindeg, den 9. September 2013 ass Comité

 

Rendezvous um 20.00 Auer am Home

 

 

Donneschdeg, den 19. September 2013 hu mir eng Lidderuucht.

 

An dëser Uucht breeden mir d’Lidder vir eis Mass vun eisem 60. Anniversaire vir.

Rendezvous um 20.00 Auer am Chalet um Bierg.

Bréngt är Scouten-Lidder-Bicher mat.

 

Samschdeg, den 5. Oktober 2013 ass den 60. Anniversaire vun der Péitenger Guilde.

 

Rendezvous am Scoutschalet um Bierg.

Haalt iech dësen Dag fräi.

De genee Programm kritt der spéider.

 

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top