UK’AN Informatiounen

Léif CaraPio,

RDV fir eisen Départ fir den UK’AN ass Freides den 19. Juli um 19:30 um P&R Howald. Dot ären Foulard an Uniform un. Op der Plaz ginn d’Paperasse gekuckt, et gëtt e Bännchen un äre Rucksak gemaach an d’Busse gi gelueden. Eise Grupp vu Suessem/Péiteng fiert um 20:30 am Bus mat de Gruppe vun Belvaux, Bonnevoie, Lorentzweiler a Wormeldange fort. Mir kommen um 8 Auer un.

Mir sinn den 31. Juli um 10:00 moies nees um P&R Howald.

Klenge Rucksak (mat an de Bus huelen):

  • Carte d’identité oder Pass
  • Krankekeeskaart
  • Impfkaart
  • Picnic a Gedrénks fir ënnerwee a Moiesiessen
  • Portemonnaie: Euro (Campplaz) an Englesch Pond (Ausflig)

Grousse Rucksak (virum Alueden um P&R e Bännche froen)

  • 1 al Porzeläinstaass (fir eng Aktivitéit)
  • Schaffhändschen
  • Maillot/Schwammbox
  • Schwammbrëll
  • Buedduch
  • Sporstkleeder
  • Sportsschung
  • Kleeder déi kënne naas gin
  • Wasser- oder Turnschlappen (di een net den Dag dono brauch)
  • Klammschong (wann een der huet) soss Biergschung
  • WANDERschung
  • Kleeder fier all Wieder
  • Eppes fir op de Kapp
  • 3 Kichendicher
  • Gamelle
  • Besteck
  • Becher
  • Bic
  • Block
  • Täscheluucht
  • Täschemesser (duerf am Bus net an de klenge Rucksak)
  • Wäschtrousse
  • Sonnecrème (Schutzfaktor 50+)
  • Perséinlech Medikamenter
  • Schlofsak
  • Carrymatt
  • Bidon
  • wat der soss mat op e Camp huelt (z.B. e Buch)

En Handy kann nëmme virum Hike opgeluede ginn. Fir de Rescht vum Camp ass et net méiglech en Handy op ze lueden. Alkohol an Droge si verbueden um Trajet a während dem Camp.

Sidd der fuerweltzeg? Besicht lgs.lu/ukan!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top