Infoblaat vum 21. bis 28.September 2013

Fir iech alleguer:

E Samschden den 28.September organiséiere mir vu 15°°-18°°den éischten „Scout fir een Daag“ hondremt d’Staathaus zu Péiteng. Gebuede gëtt en Ablëck an d’Scoutsliewen a fill flott Aktivitéiten.

Mir wëlle mat deser Aktioun e bëssen op eis opmierksam machen. Et ging eis natirlech frée, vill vun eise Memberen mat hirer Famill do kennen ze begréissen.

Fir all d’Biber:

Halli Hallo Biber, daat neit Scoutsjoer fänkt nees un. Kommt den 21.September vu 14°°-16°° op de Bierg do wart eng flott Versammlung op iech!

Den 28. September ass keng Versammlung, mir gesin eis vu 15°° un an Uniform (wanns du eng hues) zu Péiteng beim Staatshaus um „Scout fir een Daag“.

Fir all d’Wëllefcher:

Léif Wëllef! Eis éischt Versammlung fir dest Scoustjoer ass den 21. September vu 14°°-16°° Auer um Bierg. Didd iech dem Wieder no un, mir si dobaussen!!

Den 28. September ass keng Versammlung, mir gesin eis vu 15°° un an Uniform (wanns du eng hues) zu Péiteng beim Staatshaus um „Scout fir een Daag“.

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, endlech ass et nees esou weit. D’Versammlunge gi nees lass. Eis éischt Versammlung ass den 21. September vu 14°°-16°° Auer um Bierg.

Den 28. September ass keng Versammlung, mir gesin eis vu 15°° un an Uniform (wanns du eng hues) zu Péiteng beim Staatshaus um „Scout fir een Daag“.

Fir all d’CaraPio:

Salut CaraPio, hoffentlech hudd der iech nees dru gewinnt op der rietser Strosseseit ze fueren. Den 21. September starte mir mat fill Schwonk an daat neit Scoutsjoer, nomettes hu mir vu 14°°-16 Auer Versammlung um Prënzebierg. Et gin e puer Aktivitéiten wou de Grupp op DENG Hëllef ugewisen ass, lies onbedingt bei: „Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, D’CaraPio,d’Guilde an d’Chef“ a paack eng Hand mat un,MERCI!

 

Fir all d’RaRo:  

Salut, mir fueren den 21.  September op Woltz op d’Nuit des Lampions. R.d.v ass um 17°° zu Péiteng op der Gare. Et gin e puer Aktivitéiten wou de Grupp op DENG Hëllef ugewisen ass, lies onbedingt bei: „Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, D’CaraPio,d’Guilde an d’Chef“ a paack eng Hand mat un,MERCI!

Den 12. a 13. Oktober gi mir op de W.E de Lancement => Détailer kommen no.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, D’CaraPio,d’Guilde an d’Chef:

Samschdes den 21 September:Moies: Pobeiersammlung a Kleedersammlung, r.d.v ass um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross. Well mir do zwou Aktioune gleichzeiteg hu, kennt dir iech jo firstellen, dass mir fill Hëllef brauchen. Elo schons en dëcke Merci!

Samschdes den 28. September: „Scout fir een Daag“ r.d.v ass um 9°° beim Staatshaus.

Fir all d’Chef:

Denschdes de 17.September ass Grupperot um 20°° um Bierg. Mettwochs den 18.September gi mir op de Chef-Kongress.

Samschdes denm 21.09 fuere mir op d’Nuit des Lampions a Sonndes den 22.09 ass Chefdaag =>=> waat ee Programm J

Neies vun der Guilde:

Samschdeg, den 5. Oktober 2013 ass den 60. Anniversaire vun der Péitenger Guilde. Détailer kommen am nächsten Infoblaat.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top