Scoutsziedel vum 5. an 12. Oktober 2013

Fir iech alleguer:

E Samschdeg, den 5. Oktober 2013 feiert d’Guilde vun de Guiden a Scouten vu Péiteng hiren 60.

Anniversaire.

(D’Guilde ass op fir jidfereen teschend 24 an 100 Joer de well Guidismus/Scoutismus bedreiwen)

Dir an är Famill, sidd härzlechst agelueden um ganze Programm oder just zum Deel un de

Feierlechkeeten Deel ze huelen.

Hei de Programm:

10 Auer: Rendezvous beim Péitenger Scoutschalet um Prenzebierg.Ouverture mat feierlechem Opzéien vum Fändel

11 Auer: Mass bei der Kapell mat uschléissendem Undenken un eis Verstuerwen Memberen

12 Auer: Aperitif duerno Mëttegiessen. Um Menü: Choucroute garnie an Quetschentaart

 15 Auer: Virstellen vun der Brochure erausginn zur Geleeënheet vun eisem 60den Anniversaire. Ënnerschreiwen vun der Conventioun mat

 dem Scoutsgrupp. Duerno à la carte: Atelieren iwwert Scoutsferdegkeeten, Trëppeltour iwwert de Bierg, Virféierung vun Diaen a Filmer

18 Auer: Owesiessen mat Kachkéis- a Patésschmieren

 19 Auer: Lagerfeier

 20 Auer: Couvre-feu

Umeldung bis spéitstens Mëttwochs, den  den 2. Oktober 2013 beim Martine SCHLOTTERT um Telefon 503271 oder um GSM 621 414 040. Preis vum Iessen an der Brochure: 15 Euro (Gedrénks net abegraff).Fir Familljen geet et e Rabatt.

 

Fir all d’Biber:

Hallo Biber, den 5.Oktober ass keng Versammlung. Liest w.e.g bei „Fir iech alleguer“.

Den 12. Oktober ass Versammlung vu 14°°-16°° um Prenzebierg. Fir dass dir bei all Abenteuer kennt matmachen ass et wichteg, dass dir iech

 dem Wieder no undidd. Fir op de Kalenner:Den 2. an 3.November ass Monteesweekend hei mecht de ganze Grupp mat => Détailer

kommen am nächste Bréif.

 

Fir all d’Wëllefcher:

Léif Wëllef, de 5.Oktober ass keng Versammlung. Liest w.e.g bei „Fir iech alleguer“.

Den 12. Oktober ass Versammlung vu 14°°-16°° um Prenzebierg. Fir op de Kalenner:Den 2. an 3.November ass Monteesweekend, hei mecht

 de ganze Grupp mat => Détailer kommen am nächste Bréif.

 

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, de 5.Oktober ass keng Versammlung. Liest w.e.g bei „Fir iech alleguer“.

Den 12. Oktober ass Versammlung vu 14°°-16°° um Prenzebierg. Fir op de Kalenner:Den 2. an 3.November ass Monteesweekend, hei mecht

 de ganze Grupp mat => Détailer kommen am nächste Bréif.

 

Fir all d’CaraPio:

Salut CaraPio, de 5.Oktober ass keng Versammlung. Liest w.e.g bei „Fir iech alleguer“.

Den 12. Oktober ass Versammlung vu 14°°-16°° um Prenzebierg. Fir op de Kalenner:Den 2. an 3.November ass Monteesweekend, hei mecht

de ganze Grupp mat => Détailer kommen am nächste Bréif.

 

Fir all d’RaRo:  

Salut, de 5.Oktober ass keng Versammlung. Liest w.e.g bei „Fir iech alleguer“.

Den 12. a 13. Oktober gi mir op de W.E de Lancement => Détailer kommen esoubal mir se hun, op Facebook an hei, op dëser Platz

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, D’CaraPio,d’Guilde an d’Chef:

VILLMOLS MERCI fir ären Asatz bei der läschter Kleeder a Pobeiersammlung, an um Scout fir een Daag. Dir hut fill geschafft, wart zu fill

präsent… Am Resumé: DIR WART SUPER!

 

 P.S Liest onbedingt bei „Fir iech alleguer“, wann dir do wellt iessen, da vergiesst net, iech bis e Mettwoch beim Martine SCHLOTTERT um Telefon 503271 oder um GSM 621 414 040 unzemellen.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top