Scoutsziedel vum 9.November bis den 1. Dezember

Fir Iech alleguer:

Cotisatiounen

Et ass nees un der Zeit fir de Joresbeitrag ze bezuelen. Des Suen gin intégral un de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwerwisen. Duerch d’bezuelen vun der Cotisatioun ass ärt Kand versechert a kritt e puer mol am Joer eng Zeitschreft gescheckt.

Iwerweist w.e.g bis den 22. November 14 Euro fir daat eelst Kand an 11 Euro fir déi aner Kanner op eise Konto. Vergiesst net den Numm vun ärem Kand derbei ze schreiwen. Villmols Merci !

P.S. D’Matarbechter a Chef brauchen keen Beitrag ze bezuelen, de Péitenger Grupp mecht daat fir sie als kleng Unerkennung fir hir Arbecht.

Le moment est venu de payer la cotisation annuelle. L’argent qui est intégralement versé à la fédération nationale des scouts sert à assurer nos membres, et à financer les journaux d’information qui sont envoyés périodiquement. Veuillez verser jusqu’au 25 novembre 14 Euros pour l’enfant ainée et 11 Euro pour vos autres enfants sur notre compte bancaire. Veuillez indiquer le nom de vos enfants. Merci d’avance !

LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

mam Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.

 Bazar/Nikloosmaart

Wéi all Joer hu mir e Stand um Nikloosmaart. Dëst Joer ass de Maart vun Freides owes 29.11 bis Sonndes 1.12. Mir fréen eis op äre Besuch !

Aktioun Adentskräntz: Hei klicke=>Adventskräntz 2013 . Winst dem grousse Sucées vum läschte Joer mache mir och dest Joer erem Adventskräntz op Bestellung. Opgepasst um Maart selwer hu mir baal keng Kränz, profitéiert vun deser Aktioun a bestellt e Kranz per Telefon, sou sidd dir secher dass dir ee Kranz kritt.

Le marché de St.Nicolas aura lieu du vendredi 29.11 jusque dimanche 1.12. Ce nous ferait plaisir de vous voir sur place.

Action Couronnes d’avent : Profitez de la possibilité de commander votre couronne par téléphone. Veuillez cliquer ici=>Adventskräntz 2013

Neies vun der Guilde (D’Elteren vun eise Memberen kënne gär bei desen Aktivitéite matmachen)

  • Donneschden, de 7. November: Keelenowend. R.d.v um 20°°Auer am Café Porte Lamadelaine.
  • Samschden, de 9 November: Fousstour iwer de Kierchepad op Kënzeg (6km) mat Mëttegiessen (à la carte) am Restaurant Rugantino zu Kënzeg. Retour mam Bus. R.d.v ass um 10°° Auer zu Péiteng bei der Sportshal. Mellt iech w.e.g beim Carlo Peiffer um 502103 un.
  • Mir ennerstëze de Grupp bei sengen Aktivitéiten => Lies duefir bei Matarbechter……. Merci

 Fir all d’Biber:

Léif Biber,dir hut déi super Chance an den drei nächste Versammlungen eng Rees duerch spannend Geschichten ze machen!!Daat sollt dir op KEE FALL verpassen! Doot w.e.g alleguer Schung mat Strëcklen un.

Mir treffen eis also de 9.; 16.; an 23. November all Kéier vu 14h00 bis 16h00 um Prënzenbierg.

Den 30.November ass winst dem Nikloosmaart keng Versammlung. Mir wärten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wanns de mat dengen Elteren op Besuch kënns.

Fir all d’Wellefcher:

Commander et as net sou einfach wei geduet, ech kann d’Liga net sou  erreechen. Mir mussen eis selwer ob den Wee maan fir sie ze fannen. Commander ech bereeden alles fir den Transport fir. Ech denken mir widderhuelen daat bis mir d’Liga komplett hun. Mir treffen eis also de 9.; 16.; an 23. November all Kéier vu 14h00 bis 16h00 um Prënzenbierg.

Den 30.November ass winst dem Nikloosmaart keng Versammlung. Mir wärten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wanns de mat dengen Elteren op Besuch kënns.

Fir all d’ AvEx:

Moien AvEx, Samschdes, den 09.11 an den 16.11 hu mir vun 14:00 bis 16:00 Auer Versammlung. Brengt an enger vun denen zwou Versammlungen e Rezept firKichelcher matt !
Samschdes, den 23.11 hu mir vun 14:00 bis 17:00 Auer Versammlung. Do backen mer Kichelcher, dei dann d’Woch drop um Adventsbazar verkaaf gin.

Den 30.November ass winst dem Nikloosmaart keng Versammlung. Mir wärten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wanns de mat dengen Elteren op Besuch kënns.


Fir all CaraPio:

Léif CaraPio, Déi nächst zwou Versammlunge sinn den Héichpunkt vun eiser Entreprise “Laser Game”. E Freiden (!) den 8. November treffe mer eis vu 18-20 Auer um Prënzebierg. Mir profitéiere vun der Däischtert fir mat Laser kreativ ze ginn. Matbréngen: Waarm Kleeder fir dobaussen, fest Schung, Täscheluucht, an en Handspigel (5-10cm Duerchmiesser) fir Laserstrahlen ze reflektéieren.D’Woch drop treffe mer eis nees Freides, de 15. November. Mir ginn an eng Arena “Laser Tag” spillen. Rendez-vous ass um 18:30 bei der Gare zu Péiteng. Den Transport bei d’Laser Tag Hal um Howald gëtt vun äre Chef mat hiren Autoen iwwerholl. Dir musst iech umelle bis den 8. November beim Gilles Glod. Matbréngen: Foulard, 24€ fir 3 Partien, eng Schülerkaart, 1L Waasser oder Sue fir eppes ze drénken ze kafen, Sportsgezei (am beschten däischter) an Turnschlappen, klengt Handduch (et schweesst ee vill dobannen). 3 Partien wärte bis ronn 22:00 daueren, dono ass de Retour op d’Gare.Den 22. November – erëm Freides – gi mer op d’Ofschlossfeier vum UK’an Camp vum leschte Summer. Mir treffen eis um 18:35 zu Péiteng op der Gare a fueren zesummen op Bouneweg (demno wéivill Leit matginn mam Zuch oder mat Chefautoen). Do gëtt et Iessen, Fotoen, en DJ an d’Gelegenhet Frënn vum Camp erëm ze gesinn. Retour ass um 00:15 zu Péiteng op der Gare. Mathuelen: Jumbokaart. Umelle bis den 8. November beim Gilles Glod a soen ob der e vegetaresche Menü wëllt.

Et gi nach zwou Aktiounen => POBEIERSAMMLUNG a BAZAR wou mir DENG Hëllef brauchen lies duefir bei: Fir all d’Matarbechter, RaRo, CaraPio d‘Guilde an d’Chef. MERCI!

 

Fir all RaRo:

Salut, déi zwee nächst  Samschdecher den 9.  an 16. November hu mir 16°°-18°° Auer Versammlung um Prënzebierg.

Et gi nach zwou Aktiounen => POBEIERSAMMLUNG a BAZAR wou mir DENG Hëllef brauchen lies duefir bei: Fir all d’Matarbechter, RaRo, CaraPio d‘Guilde an d’Chef. MERCI!

 

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio, d‘Guilde  an d’Chef:

E Samschdeg den 16. November ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zou Péiteng op der Lengerstross elo schons e decke Merci fir DENG Hëllef!!

Samschdes den 23. November gi mir op Déifferdeng an de Bësch Äscht schneiden, fir d’Adventskräntz. Mir treffen eis um 9°° Auer zu Péiteng beim aale Pompjeesbau. An der Woch vum 25. November schaffe mir vu Méides bis Donneschdes all Owend vun 19°° un um Bierg fir deBazar.

Freides den 29.11, Samschdes den 30.11 a Sonndes den 1.12 brauche mir och Deng Hëllef

=> so w.e.g dengem Chef wini dass du kanns hëllefe. MERCI!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top