Scoutsziedel bis den 13. März 2010

Fir iech alleguer:
Eis Guilde, dat sin déi äler Guiden a Scouten organiséiert regelméisseg Trëppeltier. Wen Loscht huet kann roueg do matgoen, dest ass och fir Famillien geduecht. Hei sin emol d’Datumer:

  • Samschdeg den 6. März: Fousstour op Nouspelt (Trëppeltour vun 4,5 km)
  • Sonndeg, den 18.Abrëll: Fousstour op Kärch (Trëppeltour vun 6 km)
  • Sonndeg, den 9. Mee: Fousstour an de Bambësch (Trëppeltour vun 6 km)

Fir all Tour: Mir treffen eis um 13.30 Auer op der Maartplatz zu Péiteng a fueren dann mat Privatautoen op d’Plaatz.
Fir all d’Wellefcher:
Déi nächst 2 Samschdecher, den 6. an den 13. März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Fir all d’AvEx:
Déi nächst 2 Samschdecher, den 6. an den 13. März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg .
Adventum MMXLeif Elteren, léif AvEx,
Wéi dir villeicht schons héiren hudd gin mir dest Joer vum 21. bis den 31. Juli op den Nationalen Avex Camp Adventum MMX op Stengefort. Aus organisatoresche Grënn ass et wichteg dass mir elo schons wësse wen matgeet. Fir Ärt Kand unzemellen, iwerweist w.e.g. bis den 30.März, 50 Euro als Acompte op de Compte vun de Péitenger Guiden a Scouten : IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mam Numm vun Ärem Kand a mam Vermierk : AvEx Camp. De Camp kascht am ganzen 180 Euro.
Fir all d’CaraPio:
Déi nächst 2 Samschdecher, den 6. an den 13. März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Iwerleet Iech schons e Numm fir de Camp an entwerft alt schons emol e Modell fir e Campbadge. Den 28. März ass de Jocapi (Déteiler kommen no) De 6. März ass Pobeiersammlung, et ass wirklech ganz wichteg dass du derbei bass. MERCI!
Vum 20-31 Juli gi mir mat den Schëfflenger Guiden a Scouten an de Schwarzwald op Dittishausen op de Camp. De Camp wärt +/- 300 Euro kaschten. Wanns du wëlls matgoen, da fro deng Elteren dass sie bis den 30. März 100 Euro als Acompte op de Compte vun de Péitenger Guiden a Scouten iwerweisen. IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
Mat dengem Numm a mam Vermierk : CaraPio Camp
Fir all d’RaRo:
Déi nächst Samschdecher, den 6. an den 13. März hu mir vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg.
Mir machen de 6. a 7. März en Hike. We well mattgoën, soll dat néidecht Geschier, Schlofsak, Zännbiischt a Ravi fir 2 Deeg soll mattbrengen. Départ ass Samschdes um 16.00 Auer zu Péiteng op der Gare an de Retour ass Sonndes géint 17.00. De Weekend kascht am Prinzip näischt, ët soll een awer fir all Fall e puer kleng Euroën matthuelen, wéi dat bei normale Leit jo och normal ass.
Vum 8. bis den 22. August gi mir bei de Franz op Assisi. Wanns du wëlls matgoen dann iwerweis w.e.g bis den 30. März 100 Euro als Acompte op de Compte vun de Péitenger Guiden a Scouten: IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000. Mat dengem Numm a mam Vermierk: RaRo Camp.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
E Samschdeg den 6. März ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Villmols Merci am Viraus fir all Hëllef!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top