Scoutsziedel bis de 15.November 2014

Fir IECH ALLEGUER:

Den Nikloosmaart steet fir un der Diir. Mir sin den 29. an den 30. November fir um Staatshaus, fir wéi all Joer Adventskränz a flott Arrangementer ze verkaafen. Och dest Joer kennt dir e Kranz am virraus bestellen.Am nächsten Ziedel kommen d’Détailer.

Fir all d’Biber:

Léiw Biber, miamiam nächste Samschden den 8.November gëtt et lecker schmecker besser wéi beim Bäcker. An de Schamschden drop de 15. November, bei Spill a Spaass si mir emmer gudd drop duefir kommt bei eis erop. All Kéier vu 14°°-16°° um Prënzebierg.

Fir all d’Wëllefcher:

Léiw Wëllef, mir hun déi zwee nächst Samschdeger, den 8.an de 15.November all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, e Samschden den 8.November hu mir vu 14.00 -16.00 Versammlung. Samschdes, den 16.11 hu mir vun 14.00 – 17.00 Versammlung. Hoffentlech kommt der all, well mir fänken eis nei Entreprise un.

Fir all d’CaraPio:

Salut CaraPio, den 08.11. an den 15.11.  hun mir all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. An der nächster Versammlung welle mir eng Décisioun huelen wou mir op den Camp gin! Macht Iech mol bessi Gedanken a brengt cool Ideen mat. An der Versammlung vum 15.11 kuke mir wen wini beim schaffe fir de Bazar (vum 22.11-28.11) a beim Bazar selwer 29.11+30.11)helleft.

Den 15. November ass Pobeiersammlung mir zielen op DECH. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.

P.S. kuckt och regelméisseg op www.lgspeiteng.com an, an eiser Facebook Grupp LGS Péiténg – CaraPio wat grat leeft …

Fir all d’RaRo:

Salut dier Leif Raro, den 8.11. an den 15.11. hun mier normal Versammlung vun 16-18 h um Bierg.

Denkt alleguer drun Ideen matzebrengen.Ennert aanerem prepareieren mier eis zukünfteg Projeten an Entreprisen. Brengt also och Agenda mat.

An der Versammlung vum 15.11 kuke mir wen wini beim schaffe fir de Bazar (vum 22.11-28.11) a beim Bazar selwer 29.11+30.11)helleft.

Den 15. November ass Pobeiersammlung mir zielen op DECH. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.

Neies vun der Guilde:

Don. 27.11.: Keelenowend mat Nuetiessen am Café Müller zu Lampech um 19:00h. Menü: Gekachten Ham, Speckgromperen, Gaardebounen,Kaffi an Taart fir 18,50 EUR. Umeldung bis Méindes, 24.11., 12:00h um Tel. 50 21 03 (Peiffer) oder Mail peiffer4@pt.lu h.

Fir all d’Chef:

De 19.November ass den extraordinäre Kongress zu Nidderaanwen am Centre de Loisirs „Am Sand“ wou daat neit Team (Commissaire Général a Commissaire Général adjoint) gewielt gëtt. Macht dem Guy w.e.g bis de 15.11 eng SMS (691435358) fir ze soen dass dir matgitt. Vun halwer siewen un ass een „after Work-Grill“, de Kongress fänkt um halwer Aacht un.

Fir all d’carapio,RaRo, matabechter,guildememberen an chef:

De 15. November ass Pobeiersammlung mir zielen op DECH. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.Elo schons en decke Merci fir all Hëllef.

Fir op de Kalenner: Samschdes den 22.11 gi mir moies Äscht schneiden r.d.v um 8.30 Auer beim aale Pompjeesbau. Vu Méindes dem 24.11 bis Freides dem 28.11 gëtt vu 19°° un fleisseg um Bierg fir de Bazar geschafft.

Datumer vun de Pabeiersammlungen 2015:

17.Januar/ 14.Februar/ 14.März/ 11.Abrëll/ 16.Mee/ 13.Juni/ 11.Juli/ 22.August/ 19.September/ 17.Oktober/ 14.November/ 12.Dezember

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top